oh merci!
ech fanne mech nach net sou richteg hei erëm, do sinn ech alt mol meng Profilsäit kucke gaang. Ech freeë mech op den 1. Concours.
Wie wielt dann eigentlech d'Foto vun der Woch? Kann ech do mat ofstëmmen a wou?
Ech hunn lo grad PN entdeckt
et geet schonn. Merci!
Wat ech vermëssen ass awer eng Sichfunktioun, zB wat hunn aner Memberen iwwer Paräis, oder ech wëll z.B. all Rousefotoe gesinn. Ech hu just virdefinéiert Kategorie fonnt.
Oder och nach: wie stëmmt of fir d'Foto vun der Woch? Sinn dat favorites?
Wie lancéiert e Concours?
Huet de Comité vum Photoclub méi ze soen?
Wéi gëtt eng Foto zur Topfoto gewielt?
(ech sinn e virwëtzege Mënsch ...lol)
helas
du hues an engem Kommentar bei mir eppes vun "Scanner-Fotoen" erwähnt, an gemengt du wiers net secher op daat haihinn passt...ech giff mengen et fällt enner experimentell Fotografie an ech wier nawell interesseiert der puer ze gesinn!