Ech reege méch ëmmer driwwer op, wann op engem aanere Fotosite, wéi PG, Leit mir Kommentarer maache, wou se ganz genee beschreiwe, wat jidereen selwer op der Foto ka gesin an se dann och nach den Titel vu ménger Foto paraphraséieren. A fir datt ech lo nit dat selwécht hei maache, muss ech gutt oppasse, wéi ech méng Gedanken hei formuléieren:
Déng Foto hei huet, fir méch, eng ganz Rëtsch fotografesch Qualitéiten, déi zu engem groussen Deel op de Standards vun der Streetfotografie berouen. 1) Schwarzwäiss ass hei obligatoresch. 2) Parallelismen a Redundanzen (laange Mantel, Gläichschrëtt, hell-däischter-Kontrast.
3) Bildopbau mat Dräieck Lénksen Arm-Kaepp-Been vun der Popp.
Bon, fir den Hannergrond kanns du näischt, awer deen ass e bëssen zevill scharf a "wuseléch" a stéiert virun allem an der rechter Bildhalschent. Do trëfft et séch da gutt, datt do di Nummer an "3e étage" steet. Sou stellen ech mir vir, di Damme géingen hiren "Typ" do duerch een schmuelt Trapenhaus (hannert der Diir an der Mëtt vun der Foto) bis op den 3. Stack droen...
léif gesinn