Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Lonesome Cowboy Burt ...

 
Lonesome Cowboy Burt ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.10.2023
  • Gekuckt:
    4208
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/7.1
  • Brennwäit:
    64 mm
  • ISO:
    160
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1800x1200
  • Späicherplaz:
    782 KB
  • Originaldatum:
    2023:08:23 18:51:58
  • Fotoapparat:
    Canon EOS R5
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92807]
Kommentar vum Fotograf:
... playing the Harp

mol eppes aneres wei emmer dei Guitar
Gesin zu Calgary

Paul-H 10.10.2023 - 18:50
E schéinen Portrait vun deem Mann do.
tormi 10.10.2023 - 19:36
merci Paul smile
marker 11.10.2023 - 20:36
Idem Paul, e richteg coolen Typ.
Ëρρes méi eng cadréiert denken ech wir dee 'Charakterkapp' do och een Essai am SW derwärt, ..wat mengs de?
tormi 12.10.2023 - 08:07
Ech hun se tatsächlech och am s/w, wollt se awer och am Faarwegen hun well Harf, Hut, Hiem an Hautfaarw souwéi Hilet closed_eye chic beieneen passen.

Cadragetechnech eventuel am 1:1, awer ech hätt besser gehaat ze waarden bis deen Mann am Hannergrond hannert der Mauer verschwonnen gewicht wär dann hätt ech mei Spillraum gehaat.
Merci fier dein Comment
marker 12.10.2023 - 13:00
Bei dësem Motiv passen béid Versiounen, Faarw souwuel ewéi SW, a bei engem Recadrement op 1:1 hues de ee komplett neit Bild.
PS: et huet mer esou an de Fanger gekribbelt , an ech hun et fir mech ausprobéiert closed_eye
tormi 12.10.2023 - 14:20
1:1 ass fier mech weinst der Harf op der lenker Séit ze knapps, daat erget esou een komeschen Wenkel

sin zwar e bessi fierwetzeg smile
marker 12.10.2023 - 15:29
Et voilà, da kuck emol hei!
tormi 13.10.2023 - 05:42
ok,

den Problem mat der Harf hues de chic geléist, daat kucken ech mier oof, den Cowboy selwer ass mier awer ze donkel geroden, do ass den Klangkierper vun der Harf zevill am Vierdergrond.

Merci fier déin Interessi smile
marker 13.10.2023 - 12:42
D'Gesiicht hun ech bewosst donkel gehalen fir de wäisse Baart ze betounen.

Deng Ausso ass ganz kloer ee 'Street', awer wéi gesot, et steet mir kengefals zou däin Original ze veränneren, just den Typ huet esou ee markant Gesiicht, an däi Bild esou vill Potential, do hat ech fir mech spontan dës eng cadréiert SW-Versioun virun Aen.
tormi 13.10.2023 - 22:20
Fier d'Verständnis wollt ech nach eng kleng zousätzlech Erklärung zum "Burt" gin. Hien huet dei Harf wierklech extrem fein gespillt. Daat war an sech ganz sënnlech Musek, keen Country Whooohooo oder esou ähnlech.
Doweinst din ech mech schweier hien esou deischter, schon baal haart ze gesinn. Mais bon, daat ass eenzeg an alleng mein Empfannen, daat konnt keen wëssen.

Fier den Rescht fannen ech et awer immenz flott wann un enger vun mengen Photoen konstruktiv Kritik ausgeübt get an Idee'en dozou bruecht gin. Ech widerhuelen mech, merci dofier.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 492 Gäscht online