Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Tour en Ville - 4

 
All Fotoen an dëser Serie:
47561 Thumbnail
47562 Thumbnail
47563 Thumbnail
47564 Thumbnail
47565 Thumbnail
Tour en Ville - 4
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.04.2022
  • Gekuckt:
    10678
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Originaldatum:
    01.04.2022
  • Fotoapparat:
    Rollei 35 S
  • Objektiv:
    Tessar 3,5/40mm
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:
Agfa APX400

Fir anzesetzen: [pg_img=91966]
Kommentar vum Fotograf:
Les enseignes de renommée
tormi 11.04.2022 - 22:17
Jo, do sin der dobei dei et schon eng Zeit gët. Just eng Fro, fierwaat ass den Bourkel esou dermoossen geschnidden?
Nicon07 12.04.2022 - 10:21
Fir dat Gebai niewendrun, wou mol een Deel vum Tapis herz dra war, och nach mat op d'Foto ze kréien. smile

Merci fir däin opmierksamt A!
Nicon07 12.04.2022 - 15:03
An da kënnt nach dobäi, datt d'Rollei 35 eng Viewfinderkamera ass, wou een de Parallaxefeeler muss mat arechne, wat ech als "aale" Spigelreflexer natirléch ni bedenken. An di 40mm um Fixobjektiv handicapéieren een och e bëssen. Gutt, datt do de Parvis vum Kapuzinertheater ass, dann huet een alt e bësse Wach.
tormi 12.04.2022 - 19:36
oje, daat sin Welten an deenen ech net vill verstinn, sin frouh wann ech meng Kamera hallefsweeg riicht haalen. Merci fier d'Erklärung
gemu 11.04.2022 - 23:50
Emmer ërem kuckeswäert däin tour en ville mat all Kéiers engem neien interessanten Ophänkert, Besonnesch gut gefällt mer dës Kéier di Vue aus der Schiggerisgaas eraus op de Conrotseck, richteg flott uereg Perspektiv, idem d'Vue op d'Confiserie wou's du och aus enger interessanter Perspektiv ëm den Eck geknipst hues.
Nicon07 12.04.2022 - 10:23
Merci, Georges.

D'Stad ass voller Perspektiven. smile

(P.S.: de Retour aus der Eifel ass grad um roflueden. Den Owend ass dann hei eppes dovunner ze gesin!)
gemu 12.04.2022 - 10:38
Wow daat ass awer séier gang!
Nicon07 12.04.2022 - 14:58
Gutt Clienten eben... bigsmile

Et huet ganz genee 8 Deeg gedauert. E Méindeg um 14:30 Levée zu Rammerech, en Donneschdeg de Mëtteg d'rechnung kritt, direkt iwwerwisen, an dann nach de WE dotëscht. Dat ass mäin Trick. Dat geet wirkléch am séiersten. Dann hues du de Link normalerweis dënschdes di Woch drop.
Nicon07 12.04.2022 - 10:24
Wie koum dann op d'Iddi, de Conrotsech "Beschassenen Eck" ze nennen? Oder ass dat och een Numm vun där Plaz, dee "consacréiert" ass?
gemu 12.04.2022 - 10:40
Déi di den Numm gin hun wosste firwaat a wore bestëmmt net onschëlleg un der Sach closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 244 Gäscht online