hei op PG gouf et fréier mol ee user, deen hätt elo bei dëser Foto als Kommentar: "Das Blau und das Gelb" geschriwwen.
Di Foto hei ass scho bal abstrakt, a stellt eng Géigeniwwerstellung vu Forme, Farwen a Strukturen duer. Déi Ripplemarks am Sand, de Pointillismus am Mierwaasser, di "Tupfer" vun de Méiwen an di geometresch Formen an den Tanken an den Eoliennen am Hafen. Dat Ganzt dann nach virbildméisseg am Cader opgedeelt.
Et ass hei ans do méi einfach, eng quadratesch Foto ze maachen, në?!