Bei Lëppschend ass di sougenannt Gringlee, eng Panoramaplaz, vu wou een ee schéine Bléck rop an de Sauerdall huet mat der Buurschtermillen, dem Buurschterschlass a Buurschent op der Kopp. Vun dëser Plaz aus fléien och d'Paraglider fort, déi hannert dem Hotel Bissen bei der Bréck an der Wiss landen.
Di Plaz hei ass och ee vun de Stops op dem Leetrail, dee vun der Ettelbrécker Gare iwwer 3 Deeg op Kautebaach op d'Gare geet. Fir di interesséiert Wanderer, deenen Etappe vun iwwer 20 Kilometer an 2000 Héichtemeter rop (plus och neess erof, natiirléch) näischt ausmaachen, sief desen Tour un d'Härz geluecht. Iwwernuechte kann een op der Buurschter Millen an zu Houschent, wou d'Etappen 1 an 2 ukommen.
Hei de Link dozou!
https://www.visitluxembourg.com/fr/adresse/walking...