Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Boah sin ech midd

 
Boah sin ech midd
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
Fräie Gebrauch op der Wikipedia, ënnert der Conditioun datt den Numm vum Auteur ugi g�tt.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.08.2006
  • Gekuckt:
    26664
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    29
  • Beliichtungszäit:
    1/100
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    300 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    778x533
  • Späicherplaz:
    413 KB
  • Originaldatum:
    2006:08:04 18:21:20
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 30D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Zoo / Fräigehege  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=8781]
Kommentar vum Fotograf:
Och am Loroparque gemaach. Et waren vill Leit do, dofier hun de Jaguar an de Panther (läit hannert dem Jaguar, mee gesäit een en net) sech verzunn ganz hannen an den Eck
depunkt 07.08.2006 - 23:26
hey hehe witzeg foto lusteg gelongen an scharf respekt respekt cool wor och t lescht an engem zoo weis de vleit gesin hues an haat mech op jaguare gefreet me daer woen dun schlussendlech na keng do wellt geheege nanet ferdeg wor sad"
bon dan kucken ech mech eben un dengem saat cool
Johny 07.08.2006 - 23:29
Dass d'Fotoen bei der Beliichtung nach schaarf gin ass eischter dem IS säi Verdingscht wéi mäin closed_eye
Oh sou eppes ass domm wann een dofier se dann nët gesäit. Hei huet een en lo nach relativ gudd gesin, mee e war trotzdem ganz wäit hannen, keng wirklech Attraktioun fier d'Leit, besse schued. Ech haat awer d'Chance ganz fréi Moies scho laanscht gaangen ze sin an do Fotoen gemaach ze hun wou en en halwe Meter virum Glas lung bigsmile Soueng lueden ech och nach rop.
depunkt 07.08.2006 - 23:35
jojo ass schon soueng saach mat denen deiern cool krut mech an dem zoo mat engem schimpanse dei eng do ass net wierklech scharf wat mech bessien nervt kommen der awer na 2no an da gett dei geloescht cool
freen mech awer da schon den anern jaguer ze gesin closed_eye
Johny 07.08.2006 - 23:40
Oh do sin oft vill Fotoen dei net schaarf gin, dofier mecht ene der jo genuch closed_eye

Was guckst du


Daat ass dann dei aaner Foto vum Jaguar
THE-BAUER 07.08.2006 - 23:38
salut, wow, schein foto,hues bestemmt en gudden photoapparat, ajo en canon eos smile
wannen foto zwar wirllech gudd, kann nix schlecht drun fannen
Johny 07.08.2006 - 23:40
Net de Fotoapparat spillt sou d'Roll, hei éischter d'Objektiv smile.
Merci awer.
Kwitchibo 08.08.2006 - 02:17
Ma dei as scharf mee dei Blum dei fir rechts am Bild as! Dei steiert mech schon vill
Johny 08.08.2006 - 03:01
Jo daat ass och daat eenzecht waat mech bessen stéiert, mee sou immens schlëmm fannen ech et och rem nët. Ech hun iwregens scho mussen mech enzwech op eppes stellen fier heen sou kënnen ze kréien closed_eye)
Kwitchibo 08.08.2006 - 03:03
Et as net emmer alles easy et as jo och elo net mega schlem mee et as jo awer Fakt smile net beis gemengt alles okay
Johny 08.08.2006 - 03:04
Lol lo klaus de mer schonn meng Äusdréck closed_eye Ech wees dass et e Fakt ass smile
Wann alles einfach wir, wir et jo langweilech...
Knolles 08.08.2006 - 09:43
/removed/
Johny 08.08.2006 - 13:14
Hm onschaarfen Aascht stéiert .. Den ass mir emol guer net sou opgefall closed_eye
Ech mengen vill Leit sin direkt e gudd Stéck méi pingelech wann se Fotoen vu mir gesin oder puer aaneren. Ass lo nët béiss gemengt mee hei fällt et schonn immens krass op. An eigentlech ass et och gudd esou, dass ee seet weieng Klengegkeeten engem opfaalen.
Kwitchibo 08.08.2006 - 13:39
Fannen en et iwerhaapt gudd wann Leit eppes schreiwen well wann z.b: een neien 1 foto erop luurd an kee mensch schreif dozou eppes an dann eng 2 foto daat selwegt dann meng deen jo das et keen wär hurt bei der Community dobei ze sin
Wann Leit sech all bal all kennen an esou schreiwen am style :Geschter war et deck flott am kino ahh jo deng foto as net schlecht ... daat brengt dann kengen mei eppes...

LEIT schreif mei bei Fotoen jo DU och an DU an DU!!!an DU do hannen och!!
PEACE out
Johny 08.08.2006 - 13:44
Wann den jeenechen den nei ass, eng gudd Foto direkt roplued kanns de secher sin dass en tonnen Kommentarer kritt. Wann seng Fotoen awer sou wei vill aanerer sin, einfach Durchschnëtt wou ee seet 'jo net schlecht mee ass och lo näicht extras', dann ass et normal wann an dem Fall keen eppes schreift. Logesch menschlech Iwerléung smile Mee bon eigentlech ass et jo lo net dodrem gaangen, mee em den Inhalt vun dem waat ee schreift. Ech fannen et gin nach relativ vill Kommentarer hei geschriwen, allgemeng.
Knolles 08.08.2006 - 17:16
/removed/
Kwitchibo 08.08.2006 - 19:59
josmile)
Knolles 08.08.2006 - 17:15
/removed/
Johny 08.08.2006 - 17:24
Ech mengen jidfereen domat. An net nemme bei mir, och bei aaneren vun denen d'Leit schon ufank un méi erwaarden, dozou zielen och nach aanerer hei um Site. An ech soot jo dass et net schlecht ass, mee et ass eben esou smile Hätt elo iergendeen aaneren des Foto ropgelueden, géifen d'Comments ganz aanescht äusgesin, mee daat ass normal.
kola 09.08.2006 - 10:20
Dass un verschidden Leit hei um Site méi Erwaardungen gestallt gin géif ech soen lait domadden zesummen, dass een mat der Zait wees waat déijéinech drop hun, an doduerch d'Erwaardungen un déi dementspriechend méi héich setzt ewéi bei engem neien User wou nët wees ob den elo Ufänger ass oder schon méi Erfahrung huet.

Ech hun mir schon d'Fo gestallt ob et net eng kleng Hellef wär fir beim Userprofil oder beim Upload ze kennzeechnen ewéi een d'Kritik gären hätt : z.Bsp. bei der fc gin et jo esou Rubriken 'Kritik- hart und direkt' oder 'Youth-Ecke' oder 'absoluten Ufänger' ...

Zur Foto : Ech fannen se tiptop esou, ausser daat grengt Blaat stéiert ganz e bëschen smile
Johny 09.08.2006 - 12:58
Daat mam ugin wei een d'Kritik gären hätt ass mer och schon agefall, mee trotzdem mengen ech dass vill Leit déi Kommentarer schreiwen daat dann net berücksichtegen. An Leit wie mir kreien jo sws direkt haart Kritik closed_eye
Knolles 09.08.2006 - 13:27
/removed/
Johny 09.08.2006 - 13:28
Ech hu jo och lo schonn 2 mol gesoot dass ech NET heimat soen dass daat schlecht ass, ech fannen et gudd, mee vläicht bessen onfair vis-à-vis vun aaneren déi keng Kritiken kréien an der gären hätten smile
Knolles 09.08.2006 - 13:44
/removed/
CANON 08.08.2006 - 19:37
Ech mist jo och mein Commentar dozou machen....an deen wier

Ech wir frou wann et meng Foto wier .....daat wier et schons..mee leider war et en aneren.......eng gut Foto....esou wie se ass 9/10
Johny 09.08.2006 - 01:30
Flott dass se dir sou gudd gefällt smile
CANON 09.08.2006 - 15:07
no comment
Johny 09.08.2006 - 18:56
Fier eng Topfoto ze gin muss eng Foto eben top sin, ech versti gudd dass net 8 Leit aus der Jury se sou mega gudd fannen, et ass eischtens eng Foto dei engem zousoen muss an zweetens ass d'Blaat emmer nach do waat vill Leit stéiert.
Mee bon mir selwer gefällt se awer mee daat ass egal smile
Kwitchibo 10.08.2006 - 02:22
Fakt as et as eng gudd Foto! an wann se DIR gefällt as jo alles tiptop!!
CANON 10.08.2006 - 15:22

no comment

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 583 Gäscht online