Di zwou Fotoen hunn eppes. Di éischt huet méi Faarwen an de Filsen an an de Gebaier. An den Himmel ass schéin kloer wat do de Bléck mat dengen Titel och do drop leet. An der Zweeter sinn an dem Himmel schéin Faarwen an Strukturen. Awer duerch däin Titel verléiert Motiv seng Presentz, et sinn do leider just nach gro Téin an e bëssen Liicht ze gesinn. Di Fotoen déi een an Fotozeitungen gesäit wou Faarwen schéin iwwert gans't Bild verdeelt ze gesinn sinn, sinn Techneschen gesinn mat engem Bild iwwerhaapt net méiglech. Di sinn aus méi Fotoen, Zäit versat gemaach ginn. An am Ps. zesummen gebastelt ginn. Deng Fotoen weisen Realitéit, an bei dengem Titel Passt fir mech di éischt besser.
Jo, kann een effektiv zimlech vill nach zesummenwurschtelen am Ps, mee wanns de Fotoen vun 6 Méint Reesen verschaffs bass de vir all Bild frou dat no basic Lr schonn gutt ausgesäit...
Et brauch een awer keng extrem Montagen am Ps ze maachen vir et bei National Geographic ob den Cover ze packen.
Se packen ass mir net konkret genuch. Ginn dann mol dovunner aus dass et deng Foto ass? Wann dann Gléckwonsch an Respekt! Dat well awer net onbedéngt heeschen dass mir de Cover gefält. Géing mech awer interesséieren op dat deng Original BEA ass. Oder hunn si se esou beaarbecht? Di Fro stellen ech dir well mäin Monni, eng kéier mam Télécran een interview iwwert Trüffelen hei am Land gemaach huet. (wuesst dat och net dass et déi bei eis ze wannen ginn) hunn deen awer esou verännert an verëffentlecht, dass hein an der Fachwelt zu dem Thema zimlech blöd do Stoung. Och no der Opfuerderung dat richteg ze stellen, ass nächst geschitt. Press ass och nëmmen Geld gesteiert! Freet mech dass de di Rees kon%u2018s maachen! An eigentlech brauch ech och ganz seelen PS!
Nee, ass net meng Foto... schéin wier et! :'D
Dat hänkt vill vun der Qualitéit vum Magasinn of géif ech mol soen... NatGeo an déi däitsch Geo verschreiwen sech z.B. zimlech vill der Fotografie, do ginn och Urheberreschter net mat Féiss getrëpelt. Kann een virun allem vun NatGeo och oft d'Fotoen déi benotzt ginn an den sozialen Medien vun den Fotografen selwer rëmfannen als Referenz.
Interessant dat just den theom net implizéiert wat wéieng Foto ass, ech hat dat effektiv vergiess unzeginn. Sou am Nachhinein kéint eigentlech béides Obgang oder Ënnergang sinn, just eben méi fréi oder méi spéit. Nummer 1 ass effektiv den Sonnenobgang. Merci vir äer Meenungen!