Immens! Waad mir hei direkt an d'Aaen stécht, sinn di Waiss Linnen op den Beem. Daat gefällt ma, daat gett dem ganzen nach bessen "Schwong". An et kennezeechent, wann een sech lo eng Linn bis an den Himmel firstellt, d'Trennung zweschen den béisen Wolleken an dem Sonnenennergang.
Et ass ëmmer neess impressionnant, wann d'Sonn ënnert d'Wolléken eraliicht. Hei gefällt mir awer och, wéi s du mat de Farwe spills. Di roud-orange Sonnenaura kritt eng materiell Äntwert an den orange Blieder un de Beem. De Komplementarkontrast blo-gro vs. giel-orange zesumme mat der Positioun vum Liicht am goldene Schnëtt gin dénger Foto eng flott Dynamik. An dann hues du d'Drëttelregel respektéiert, ouni datt et opdréngléch wierkt. A last but not least ass rechts ee Parallelismus tëscht dem Nolebësch, deen an d'Luucht geet, an der Wollék, déi, betount durch d'Ustralung vun der Sonn vun ënnen, déi selwécht No uewe-Bewegung mécht. A well deen Deel tëschend der Wollék an dem Bësch op ass par rapport zum Rescht, ass do quasi ee Wee raus aus der bedréckender Athmosphär vun dénger Foto am lénksen Deel. Et ass scho bal een transzendente, metaphysesche Message an dénger Foto. Bravo!