Ech weess net op een dat "Provokatioun" sollt nennen, Paul-H. Et kéint een natirlich och soën dass een sou Eppes guer net brauch fir nees waakerich ze gin. Well am Groussen a Ganzen get ganz Vill op PG gepennt, mat Ausnahmmen.
An dem Tunnel vun der BCEE hänkt ( oder houng? ) e Bild vum Christian Mosar "Portrait flou" aus der Kollektioun vun der Spuerkees. Näischt ass schaarf an awer huet d'Bild eng staark Ausstrahlung. D'Fantasi ass gefoudert d'Bild ze schäerfen an dobai ka Spannendes entstoen.
Mee geet dat och mat enger bloer Saibecken?
Ech denke schonns, wann och de Spillraum vun der Fantasi hei méi beschränkt ass. Jiddefalls hunn ech d'Bild elo schonns e puermol gekuckt an driwwer nogeduecht, dat eleng schwätzt jo mol fir d'Bild.
Eventuell hätt ech de Cadrage méi streng symmetresch gewielt.
Sorry jorsch, et ass fir mech schon baal skandaléis ze gesin dass hei super Fotoen wou een wirklech gesäit dass d'Leit sech wirklech Méi gin hun net, oder baal guer net kommentéiert gin an dann gett hei vun Fantasi, Spannung asw geschriwen.
Mir hun hei säit kurzem e puer neier mat guddem Potential op PG, wellen mir déi alt rem vergraulen? Quo Vadis PG?
Paul-Henri, ouni der elo wëllen op d'Féiss ze trëpelen, ech mengen du bass iergendwéi é Gefaangenen vun idées reçues. Déi puer Nei mat guddem Potential, déis de hei usprëchs, waat ass daat Potential? Hir Technik? Eng gudd Technik mëcht nach kée Konschtwierk aus enger Photo, egal wéi verschlëmmbessert se mat der digitaler Trickkëscht gin ass. Konscht ass, hun ech mer emol vun engem art moderne Künstler soe gelooss, wann d'Leit dervu schwätzen, ob positiv oder negativ. Vu déi nët grad bescheiden Unzuel vu Kommentaren zum Maimonides sengem Wiërk, kënne mer also just eng logesch Konklusioun zéien...
D'Unzuel vun de Kommentaren (et sin jo gréisstendeels negativer oder ironescher) an den Klicks soen iwerhaapt näischt iwer d'Qualitéit vun enger Foto aus. Deng Ausso iwer "déi puer Neier mat potential" ass iwerhieflech an et ass eng riicht an d'Gladder un déi wou sech nach Zäit huelen hinnen mat Tipps ze hellefen. Wann lo een vun hinnen sou eng "dégradéiert" Foto hei drop gesaat hätt wir ech gespaant gewiescht waat do drenner kommentéiert gi wir.
Ech bleiwen derbäi: Daat heiten ass PG net würdeg an dréit net derzou bäi d'Säit fir den Nowues méi attraktiv ze maachen.
Jaycee,
Merci fir de Kommentar.
Du weess och
dass ech dee Letzten sin
deen hei wëllt
irgend Eppes imposéieren.
An awer bleiwen
nëmmen d'Ecken
an d'Kanten
ausser der Rei.
Deen modernen Künstler wou den Jaycee zitéiert huet d'Wouerecht secher net gepacht. Ech hun kloer an däitlech op säin Kommentar geäntwert an ech bleiwen bei menger Meenung. Eng onschaarf Seibecken hei ze weisen ass fir mech keng Konscht mee eng Provokatioun fir ze kukken wéivil driwer diskutéiert gett (fir Däin Ego ze befriddgen?), an et ass gläichzäiteg och eng riicht an d'Gesiicht un all déi wou sech vill Méih gin an keng Kommentarer kréien an och un déi wou hinnen hellefen sech ze verbesseren.
entweder du versteess net
wat hei geschriwe get,
oder du wells et net verstoën.
Ech sin nu wirklich dee Letzten
deen hei Irgendeppes
wëllt imposéieren,
an et ass iwerhaapt net fir d'Eischt
dass ech dat schreiwen.
Mein Ego
brauch nu wierklich net befriddigt ze gin.
Bei allem Respekt, besser wéi Deng onschaarf blo Seibekken sen se allemol.
Falls déi aaner net sou gudd sollen sin, dann weis hinnen wéi et besser geet.
Also Paul-H, dem Maimonides seng Fro ass am Fong einfach; ech haat der se och gestallt. Mir wollte just wëssen wen déi nei Memberen sin, déis de an dengem Post vum 29. März erwähns?
Ech géif mer hier Wierker och gären ukucken, sans blague. Ech verpassen esou munches, well ech nëmme nach sporadesch hei optauchen.
Jaycee: Ech nennen net gären Nimm hei, ongefroot an ouni dass si et gesin, ech hoffen daat ass verständlech, mee een(t) huet z.B. dest Bild als éischt kommentéiert.
Eigentlech ass et och net wichteg wien déi nei sin. Mäin message ass allgemeng ze verstoen.
Wéi erklärt een engem "Neien" deen sech no langem zècken endlech traut hei rop ze lueden dass sou en aalen Hues sou eppes hei weist ? Ouni plausibel Erklärung, just mat philosopheschen Sprëch an Undeitungen déi si net kennen verstoen ?