Ech wees dass esou Fotoen net dem PG-Schema léien, mee dofir man ech se, ech hun ganz vill geckeg Fotoen am Kapp, déi meeschtens ganz spontan enstinn, mee kann se net emmer emsetzen, an ween wees ob mär an Zukunft net alleguer esou onderem laafen, villmols merci Maimonides
Ech hat de Samsteg am Fond-de-Gras, wou ech all déi Accessoire do gesin hun, geduecht, datt schons lang keng esou eng Foto méi vun dier komm ass. A voilà, do ass se. Super
Zimlech "abgehoben" an aussergewéinlech.
Fannen och datt esou Fotoen gewise musse ginn! Dat ass Peffer a Salz an der Zopp hei!
Super veraarbecht och.
Freeë mech op weider Iddie vun dir!
Op se mer gefält wees ech allerdings nach ëmmer net ...