Stemmt schon. Hun se awer gewisen well se zumindest bei an ronderem d'Aan schaarf ass. Allerdings wir hei eng méi eng kleng Blend net vu Muttwell gewiescht.
Yes. D'Material erlaabt jo schon méi en héichen ISO. Do am Park ass et sou dass sech d'Luuchtkonditiounen dauernd änneren an wanns de dann net alleng ennerwee bass de e bessen gestresst an dann vergess de alt mol eppes.
Muss onbedingt nach eng Kéier a Rou alleng dohinner.
Dee kennt mir bekannt vir, et war wierklech nitt esou einfach do, ze vill Leit oder d'Déieren ze no beim Drot. Hues Du dee natierlechen HG ewech gema, oder wéi ass déi entstanen. Gefällt mir trotzdem gutt.
Merci MsJarryman. Also, op der lènkser Säit war se baal sou wéi hei. Mee riets war en onrouegen, faarewegen Hannergrond. Daat war irgendwéi onstemmeg. Dofir hun ech probéiert den ganzen HG däischter ze maachen an hun et dunn och sou geloos.
Ooops, nee déi haat ech iwersin. Hun se lo mol gekukkt. Déi sin zwar dofir all méi schaarf wéi mäin Kauz hei. Hun awer och nach e puer méi schaarfer vun aaneren Déieren. Et kommen der demnächst nach. Waat "Däin Kautz" betrefft. Ass zwar och net ellen mat den Äscht...., mee et en hiewt sech faarwlech net oof. Mat deem HG war zwar net méi dran mengen ech.