Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Totholz-Topografie

 
Totholz-Topografie
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.09.2014
  • Gekuckt:
    19337
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    16
  • Beliichtungszäit:
    1/125 sec
  • Blend:
    f/13
  • Brennwäit:
    105 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x800
  • Späicherplaz:
    914 KB
  • Originaldatum:
    2014:09:07 14:32:08
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Makro
2. Kategorie: Allgemeng »» Formen an Strukturen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=80518]
Kommentar vum Fotograf:
Doudegt Holz vun engem ale Wuerzelstack,
gebleecht vun der Sonn,
ausgewäsch vum Reen.
Maimonides 25.09.2014 - 20:34
a liewig wi eng Landschaft, jorsch !

Exzellent di do.
jorsch 26.09.2014 - 15:30
Merci Maimonides, fir de Kommentar an de Fav.!
Paul-H 26.09.2014 - 00:28
Wahnsinn! An déi greng Linn do...., kéint baal d'Musel sin, awer just baal, passt net graad all Kéier.
Immens Iddi super emgesaat!
jorsch 26.09.2014 - 15:31
Du gesäis d'Musel an ech hunn un de Nil gesinn! Passt awer och net ganz. smile
Merci fir däi Kommentar, Paul-H.
Metalbambi 26.09.2014 - 00:38
Cool! Wier mol interessant ob een dat nach méi an d'landschaftlecht dreiwen kann an deem een iergendwéi méi Dräidimensionalitéit ran baut. Den Rass meecht deen perfekten Floss als Eye-Catcher. Ass et op Allefall wäert weider dermat ze experimentéieren!
jorsch 26.09.2014 - 15:34
Merci Metalbambi.
D'Ähnlechkeet mat enger Landkaart mat Floss, Héichtelinnen a Vegetatiounszonen huet mech och faszinéiert.
E Wierklechkeet ass dat Stéck Holz awer zimlech platt.
Jeanny 26.09.2014 - 06:41
ganz flott mat dem grenge Wee duerch Landschaft, gutt gesinn a festgehalen
jorsch 26.09.2014 - 15:35
Merci Jeanny, freet mech wann et dir gefält!
icylady 26.09.2014 - 09:23
wonnerbar festgehaal waat een sou gesait wann een nëmmen genau hin kuckt, gefällt mir immens gudd jorsch smile
jorsch 26.09.2014 - 15:37
Wann een net wäit kënnt, da kann d'Fantasi hëllefen dach wäit ze reesen!

Merci fir de léiwe Kommentar, icylady.
Maimonides 26.09.2014 - 21:34
D'Fantasi, jorsch,
ass dat wat wichtig ass,
och wann se net
technisch perfekt
gewise get.

Besser eng nei Iddi,
schlecht gewisen,
wéi en ale Cliché,
perfekt démonstréiert.

closed_eye
jorsch 27.09.2014 - 20:32
Optimal wier dann eng nei Iddi gutt gewisen ... mä loosse mer mol net ze vill verlaangen! smile
He-Lx 26.09.2014 - 19:11
Formidablen Naturdesign. E gudd Aa fir den Detail!
LG Henri
jorsch 27.09.2014 - 20:29
Merci He-Lx, freet mech wann d'Bild der gefält!
mischii 26.09.2014 - 20:43
sou Biller hun ech gär , a bewonneren se ëmmer erëm,
abstrakt an dach total Natur
jorsch 27.09.2014 - 20:30
Genau, sou tëschent Abstrakt a Figurativ, dat hunn ech och gär! smile
Merci mischii fir däi Kommentar!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Passerelle

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 248 Gäscht online