flott impressiounen Paul, mais ech fannen bei der ganzer Serie den Kadrage net emmer optimal.
zb n4, den TOP SPIN mist een nach ganz gesin,
bei der 1t wier et och flott wann t'Gelänner net geschnidden wier.
2 fannen ech ganz flott,
3, do wier e bessen mei Buedem och net schlecht,
mais ouni EXIF schweier soen ops de nach plaatz mam 18-55mm has fier manner eranzezoomen.
Bei enger Fotosserie kann ech jo keng EXIF mat informéieren Gaga soss hätt ech daat natirlech gemaach, mee dor wir nach Sputt gewiescht fir méi Plaatz.
All Deng Kommentaren (ausser deen zur Nr.1) kann ech mat engem Saatz beentweren: Ech hun versicht d'Leit ze evitéieren waat op der Fouer vleit net déi richteg approche ass, si gehéieren jo derzou...
Bei der éischer gin ech mech geschloen: Recht hues de.
Waat ech wollt soen: Bei enger SERIE, hei ass hei um Site net firgesin dass d'Exif Dateien rop gelueden gin an Du hues och keng Felder wou's de manuell kéins afellen. Allerdings stemmt et och dass se bei mir bei der Bearbechtung emmer verschwannen, daat hänkt wuel vun deenen verschiddenen Programmer oof déi ech benotzen.
Dat hat ech verstaanen dat t'Serie dei Funktioun net ubidd.
Mais ech gin ememr mat deenen Addons an klengen Hëllefen selwer kucken, dat as hei net gaangen.
Den Workflow as och effektif de Problem. Haaptsächlech am PS as de Problem wann een "Save for Web" benotzt fier dei 800kb anzehaalen deen Schrëtt deen all t'EXIF läscht, leider.