Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Peter

 
Peter
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.02.2014
  • Gekuckt:
    18947
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    1/320 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    300 mm
  • ISO:
    1250
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0.33333333333333 EV
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    586 KB
  • Originaldatum:
    2014:02:24 23:22:49
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D X
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Zoo / Fräigehege
2. Kategorie: Natur »» Allgemeng
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=77059]
Kommentar vum Fotograf:
Een Timberwollef
Conley 24.02.2014 - 23:37
Eng schéin Schäerft, an de Glanz am A seet mir dass Luucht gënschteg war. Den Hannergrond huet nach schéin Strukturéiert Faarwen. Eng gelongen Opnahm vum Peter!
Schluck 25.02.2014 - 09:32
Merci Conley, freet mech dass de dat mat der Luucht sees, déi woar nähmlech eben grad nët sou Gënschteg (1/320, f/2.8, ISO 1250) , d'Foarwen an d'Ae hunn ech duerch d'BEA erausgekëddelt. Ech machen an daer Hinsicht also Fortschrëtter ...
icylady 25.02.2014 - 10:01
deen Porträt do fannen ech immens Schluck smile
main Virgänger huet et schons gesoot,
d'Schärft vum Pelz an den Bleck sinn super,
du muss awer mol een Buch maan
Schluck 25.02.2014 - 10:58
Merci Romy, ët ass wéi mat den Ausstellungen ... Den Problem ass d'Zäit déi mer fir sou Saachen fehlt
suraki 25.02.2014 - 10:31
SChluuuuuck .... lénks 2 besser 3cm !!! smile)))
Schluck 25.02.2014 - 10:35
Ok ... manner ? .. Waruuum ??
suraki 25.02.2014 - 10:48
An der Mëtt tëscht hannert dem Ouer an dem Rand geschnidden ... zéi der de Schierm mol no Lénks ... dann ass den "Akela" och net méi an der Mëtt (d'Mëtt ass mer awer net esou wichteg)
Firwat, kann ech der net soen ... hoffen et mëllt sech nach een ?
Schluck 25.02.2014 - 11:00
Kann een probéieren, ech woll am Fong säin Collie hannen ganz drop hunn .. ech sinn fir all Virschlag op ..
suraki 25.02.2014 - 11:33
ech wées dat ech dat däerf schreiwen Schluck smile
et ass natierlech afdg ... (méin point de vuebigsmile)
Jean-Marie 25.02.2014 - 11:56
dat interresseiert mech och: wann lenks elo weggeschnidden soll gin wär et dann net besser Portrait ze croppen ?
Ech hätt eischter Tedenz gehat riets wegzescheiden , an dann 4:3 Format ze machen, wei gesoot dat Thema interesseiert mech well ech selwer emmer Problemer domat hun.
Schluck 25.02.2014 - 12:08
Mengen nët dass een Porträit héi gudd wier wëll dann keen Raum méi fir den Bléck ass .. dann eischter ee Carré, ech perseinlech hunn nët gäer 4:3 mais dat ass AdG.

Ech hunn dem Ed seng Propose och probéiert mais effektiv ass fir mech dann zevill Raum no riets
Jean-Marie 25.02.2014 - 13:09
beim Carré sperrs de dein Objet ze vill an dann loss se leiwer sou wei se ass, dann bleiwwt den Wolef sein A am Zentrum an hien huet Raum fir ze kuken
Gaga 25.02.2014 - 13:38
Ech proposeieren lo mol dat hei :

amplaatz lanks ze croppen an dei schein Mähn ze verleieren, riets an Uewen e besse manner croppen (falls meiglech, wann net, evtl am PS t'Bild verlängeren.)
Ech geiff se sou cadreieren, dat sein Aan genau am Kraiz tescht der 1/3 Linn an der Breet, an der 2/3 Linn an der Heicht leit.
Fierwaat ? Dat as eng gut Fro, de gëllenen Schnëtt as oft an ausdrecklech erklärt, fierwat dat den Mensch dat elo mei esthetesch fennt, wees ech och net. Ech sin mer awer relatif secher dat et den Kadrage verbessert.

Edit: vergiess et ... dat klappt net, hun et graat probeiert!
bigsmile
Schluck 25.02.2014 - 14:08
Jo, ech hat dat och schon probéiert an dann den Bléck oder d'Schnuff an d'Diagonal no ënnen riets an den Eck. Huet mir am Endeffekt nët sou gutt gefall. Dann ass den Hannergrond zevill präsent an stéiert d'Ballance vum Bild. Den meschten Poids soll jo awer um Sujet bléiwwen an dofir hunn ech héi lo nët no der Drëtterregel gecropt mais no mengem Bauchgefill. Wann een vum 3:2 Format wëll eweg goen gët vläicht nach eng besser Léisung ...

Merci fir d'Propose an d'Ausprobéieren
Zora 25.02.2014 - 11:38
wow!!!! immens
Schluck 25.02.2014 - 12:08
Merci Zora ! smile
jorsch 25.02.2014 - 16:11
Dat A am groe Pelz ass immens!
Schéi Foto!
Schluck 25.02.2014 - 18:17
Merci jorsch, den Heiko an den Peter sinn meng favoriten am Wollefspark. Déi Aen sinn ëmmer sou schéin an warm.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 567 Gäscht online