schéin détailléiert Jacques, an rem schéinen HG, mee wéisou ass deen bei Blend 10 nach sou schéin uniform? ass daat nemmen duerch deng Beliichtungszeit? Bei mir get ab no Blend 5,6 den HG emmer méi onroueg, waat jo normal ass well Déiftenschärft emmer méi grouss get, waat man ech dann falsch?
Merci Romy,freet mech wann se der gefällt
Was du méi no bei bass matt dengem Objektiv, was du deng Blend méi zou muss machen fir méi Deiwenschärft ze kréien. Hätt ech hei eng Blend 5,6 gewiehlt dann hätt ech net genuch Déiwenschärft kritt op der Larv.
Ech war - 20cm vun der Larv ewech. Wär ech méi weit ewech gewiercht dann dann wär 5,6 duer gang.
Obschons am Hannergrond vill Gestreichs war,ass en flou bliewen doduerch well ech esou no bei war. Am beschten et probéiert een matt verschiden Blenden wann een d'Méiglechkeet huet. Ech hoffen ech konnt der e bessen hellefen
jo merci Jacques, ech war wuel wirklech ni no genuch bei matt méi zouener Blend an sinn dofir dann emmer rem zreck gang op grouss Blend, well et mech eben emmer gestéiert huet, merci fir dain Tip, ech wärt daat haut probéieren