Super, wann ech och erstaunt sin iwwert déi gewielte Blend: ech gin dann emol dervun aus, datt et déi Zäit sollt sin (wat och gutt ausgesäit mat dem langen elliptësche Wëscheffekt). D'Stäeren hues de dann gePSt.
Merci Jean-Jos. Déi gewielten Blend vun 4 war nëmmen en Test vun der Lëns well déi do sollt déi héchsten Schäerft opweisen. Déi Lichtstreifen an Stären déi Stroosseluuchten geworf hunn sinn aus enger 2 Opnam mat Blend11. Foto besteet aus 2 Opnamen mat 2 verschidden Blenden.
Ech hun schon e puer vun dengen Nuetsopnahmenen bewonnert, an des ass och nees Top.
Eng fro: Wéi hues du déi 2 Opnahmen iwereneengeluecht.Huelen un du hues aus all Opnahm daat maskéiert waat net soll dropkommen oder?
Den Linienverlaaf an d'Wäitwenkelverzerrung fannen ech hei ganz flott. Ech hätt se alt bestëmmt erëm riicht gezunn an domat wier se bestëmmt manner interessant.
Also ech fannen daess den 25mm vun Zeiss schon vill manner verzitt weis déi vun Nikon. Wollt net zevill entzerren soss geseit emmer alles ze geometresch an künstelech aus menger Mehnung no.
Jo, ech lafen och am léifsten mat der M9 duerch d'Géigend. Se hënnert net, fält net op an ech maachen alles mam 50mm. Hunn nach een 90mm fir am Studio, an dat war et och schon. An, domat léiert een "anescht" ze fotograféieren, dat mécht och Spaass.
flott faarwen ... me définitoun vun de linnen ass e bessi mautschech... ech geif en overlay maachen mat "multiply" modus vun enger couche wou én just nemmen e sketch am SW mecht
$
Ah M9 ... 28 mm .. superbe