Ech hunn mir dat geduecht. Du kanns jo dann villäicht zwou Versiounen maachen an bei enger Versioun den Blokanal e bëssi boosten. An duerno se iwwerteneen lee an just den donkelen Deel Himmel durch eng Mask ophellen. Awer dat ass just eng affaire de goût. Mir perséinlech ass et ze schwarz gin (bal wéi Nuecht) do am Eck.
Den Himmel fannen ech elo perfekt awer duerch den staarken Kontrast hues du vill flott Detailer um Boot an an der Landschaft verluer. Ech wier fir een Kompromëss vun béiden.
Dat richt guer net no Nik color fx 3.0. Dat ass ganz banal de PS5 mat ménge Fangeren um Trackpad mat Ausnahm vum Polaroid, dat ass ee Script fir de PS Polaroid Generator V2.2 by rawimage.
Ass de Kontrast beim BW einfach sou allgemeng ze flou, oder ass et déng perséinléch Appréciatioun, déi mécht, datt nach een nach een Tick Kontrast kéint bäigin? Ech froen dat, well ech nämléch um MacBookPro virun deem verglastenen schéinen relfektéirenden brillianten Ecran sëtzen an dee scho gären ee falscht Bild gët. Du kanns och kucken, ënnert wéi engem Farfprofil de Fichier bei dir an den Exif steet, well ech hun elo réischt gemierkt, datt de Camera RAW vum CS5 (ech hun e geschter Owend installéiert) par défaut an de farfprofil Adobe RGB 1998 verwandelt huet. Dat mécht nämléch och, datt d'Farwen an d'Kontraster op ären Ecran'en aanescht si wi bei mir.
hun 2 schiermer...mä hun och de probleem dass op mein mac vill méi kontrastéiert ass wéi op een aaneren den kalibréiert ass...ech mengen apple mëscht dat absichtlech fir dass filmer an fotoen méi knallen...ech testen emmer op 2 schiermer.
Dein daischtersten schwaarz, ass nach net schwaarz , mä ganz donkelgro
Ech lueden elo nach eng 5. Versioun rop, wou ech fir de Shanti den Himmel méi hellgemaach hun an duerno ee Stéck weggeschnidden hun (fir d'Artefakte verschwannen ze din...) an dann nach fir déch wou ech mat de gradatiounskurven de Schwarz an de Wäisspunkt gesat hun. Lo kënnt se gläich!
Jo, genau dat ass mir och bei deenen neien iMac'en opgefall. Schued awer... Awer do gëtt et "anscheinend" och neierdéngs verschidden Profiléiergeräter fir déi verschidden Bildschiermer (mat LED, ouni LED) wéinst dem Kontrast.
Ech pèerseinlech hunn de Polaroid am leiwsten... de SW ass ze fill perfekt an den Doudes Atmosphär gét verluer ... D'Solarisatioun ass Psychedelesch , flott mé villeicht net appropriert ... Also Definitiv Polaroid Versioun... Dei aaner sinn gudd mé dei schmaachen mir ze fill no Doku