d'Format
SW
Bewegong am Bild
Kloerhéet
Spiggelongen
all daat gefällt mir
du muss just oppassen, a ville Geschäfter, virun allem a Frankreich , as ët verbueden, ouni ugemeld an Erlaabnis, ze knipsen,
mais , ech denken, dei vum Bram hu neicht dergeint )
Ganz schéin SW Photo, mat ganz flotten Flouen, dat gesäit super äus an bréngt Liewen an d'Bild. Och e ganz gudd gelongenen Bildopbäu, zumools well am Quadrat vill méi schwéier ass wéi am Rechteck. Gefällt mer super.
Ech fänken allmählech un e groussen Fan vun déngen Photoen ze gin
fannen Idée , den Cadrage d'Schärft alles ganz flott,
se as mer awer eng Grèz ze kontrastréich. Ennen lenks
am Baam an d'Persoun virun der Rolltrap hätt ech e
besselchen ofgehalen.
do gin ech dem arwa 100% recht, dat den Kengen muss a soll dropp sin.
mmm, du selwer mess a weist d'Photo hei, dann brauch en aneren dèr dat net
ze verzeien (lach, a nett béis gemengt)
Ech hat och geschriwen, " ech hätt.....". Mé ganau dat sollt der awer egal sin,
wat ech hätt wellen.
Alleng du entschéds wat op der Photo soll drop sin, a wéis de se wells weisen.
Dat as och gut essou, anecht giffe mer, wa mer zu enger Dossen des Photo welle machen, zwiélef mol dat nemlecht machen.