wow! ech wees net wéi laang die serie do ass, mee ech gi mol dervun aus zimmlech ass natiirlech genial! et gi leit, déi dat doen op Ebay fir deiert geld genge verkafen, iwwerlee der et mol
Gesäit zwar cool aus, mee d'Verarbechtung ass nët esou gudd, wéi bei dir gewinnt, fir nët ze soën schlecht....gesäit da soss keen dat ?
Wéi @Mojoo scho soot - lauter Stempelreschter ze gesinn >> nët schéin.
Denken och dat d'Gesiicht vun der Figur zum groussen Deel am postprocessing dra gemach ass.....oder nët ?
Mojoo an Galileo, merci, déi Spueren hun ech op méngen Laptop net direkt gesin. (Wisou nennt der dat stempelen? Ech sin mat der Brush driwwer gefuer.) Kwitchibo, pardon dass ech dech enttäuschen. Ech botzen d'Foto an aktualiséieren déi propper Versioun op gloda.net.
Fir d'Gesiit, ech hun Dodge & Burn gebraucht fir déi Saachen déi schon do waren erfierzehiewen.
Fir de Rescht, wann aus 300 Fotoen der 5 dobäi sin wou een Männecher dran gesäit fannen ech dat net sou 'onnatierlech'. An der Setup Foto gesin ech zB nach en Schlangenbeschwörer.
D'Pose vun dengem Model ass respektvol. De Gesiichtsausdrock... sanft. D'Nues ass diskret, just de Mond steht ze grous op.
Eng flott Foto vun enger Nonne.
Ech war déi aaner och kucken an do sin der dobei déi mir nach besser gefaalen wéi déi hei. Ech sin awer begeeschtert iwert deng Idee an och iwert deng Ausdauer.
Genial Serie! Mir gefällt den Rainbow am beschten, mee mat denge Fotoen mess du mir richteg Loscht selwer Fotoen ze mächen an sou Geschier auszeprobeieren Du hues vill Arbescht dragestach, an daat geseit een definitiv!!