Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Das Reh

 
Das Reh
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.12.2005
  • Gekuckt:
    16924
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    1/125
  • Blend:
    f/4.2
  • Brennwäit:
    112 mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x532
  • Späicherplaz:
    305 KB
  • Originaldatum:
    11.07.2005
  • Fotoapparat:
    NIKON D70
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Zoo / Fräigehege  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=2226]
Kommentar vum Fotograf:
Bambi : The Movie
D'Dréiaarbechten vum Bambifilm hunn ugafaangen; déi eicht Scenen sinn am Betebuerger Park (parc merveilleux) gedréit ginn... :)
celinou 30.12.2005 - 14:46
ooh... wéi schéin!
Den Hannergrond hätt ech allerdéngs net sou verschafft... Gesäit besse komesch aus wann de Kapp natierlech ass an den Hannergrond net.
An d'Beliichtung ass och strange...
Den Hannergrond ass an der Luucht woubäi de Kapp éischter am Schied as. Mee dofier kanns du jo wuel kaum closed_eye
Roby_pi
Um Hannergrond hunn ech neicht geännert an d'Beliichtung ass esou koomesch, well ech des Photo am Besch geholl hunn; d'Sonn huet duerch d'Blierder geliicht.
celinou 30.12.2005 - 14:56
Jo dat mat der Beliichtung hat ech mer well geduecht.
Komesch dass den Hannergrond sou ass...
cyber 30.12.2005 - 16:08
flott foto, wei aus engem digitalen zeechentrick closed_eye
Minaa 30.12.2005 - 16:10
oh wi léiiif :o))
Also d'Foto gefällt mer well daat Réih riicht an de Fotoapparat kuckt,geseit just bessen komesch aus well daat engt Ouer sou hell ass an de Kapp dann am Schiet ...
Am ganzen,wéi d´celinou well soot, d´Beliichtung ass zimlech komesch waat schued ass,soss wier et wierklech eng schéin Foto gin. En plus kéint den Hannergrond bessen méi schaarf sen.
joellchen 30.12.2005 - 16:36
boah deck leif smile as och schweier sou eent ze erweschen, nee? di sen dach su schein closed_eye
STARCLIPPER 30.12.2005 - 17:46
matt 112 mm komesch
Roby_pi
D'Foto ass eben matt engem Teleobjectiv gemeet, waat ass dorun esou komesch ?
koenigskind 30.12.2005 - 18:04
super! smile wees guer näischt drun ze meckeren! fannen et graad schein, daat dei belichtung sou onregelmäßeg ass, daat wierkt vill mei natierlech. et ass schließlech eng foto aus dem besch an keng aus dem studio...
Paulinus 30.12.2005 - 18:56
De verschwommenen Hannergrond gefällt mir. Den Ausschnëtt fannen ech net sou gutt, mee déi Zort Déieren bleiwen jo och net sou lang setzen wéi mir Fotografen eis dat géingen wënschen.
Sylvia 30.12.2005 - 21:37
ech fannen se einfach nemmen schein !!!Zockerseiss :o)
klex 31.12.2005 - 12:11
@STARCLIPPER: Wees de waat vote 1 bedeit? Sou e vote soll een eigentlech ganz selten gin, graad su wi 10... an du kanns mer soen waats de wells, mee di do Foto huet definitiv näischt enner 5 verdéngt!
Ech perséinlech fannen d'Foto och Super! De Kapp ass net ganz an der mett, waat ganz gudd ass an d'Déifeschärft an d'Luucht sin eifach perfect, d'ass just eng ganz kläng plaatz wu iwwerbeliicht ass, mee di stéiert och net sou vill...
mmphotos 31.12.2005 - 12:14
Gefaellt mer wierklech gudd. Den hannergrond as wirklech speziell mee steiert guer net...fannen et passt hei...get sou eps märchenhaftes riwwer... As wirklech eng gudd Foto
Dany 31.12.2005 - 12:57
Also, ech fannen dës Foto och génial. Ech vertsin nët wéi een ouni Begrënnung nëmmen 1 am Vote ka ginn ?!
Roby_pi 04.01.2006 - 00:18
Bambi : The Movie
D'Dréiaarbechten vum Bambifilm hunn ugafaangen; déi eicht Scenen sinn am Betebuerger Park (parc merveilleux) gedréit ginn... smile


(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Passerelle

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 638 Gäscht online