Hmm, eigenltech eng gudd Idee, technesch flott emgesat. Vum Cadrage hier giff ech et besser fannen wanns de net souvill vum Budem, an desem Fall Waasser drop gema häss. do hätt ech de greissten deel weggeschnidden. Direkt do, wou dei metalle stang vun der Bunn ufänkt. Well een drettel waasser ass zevill. Dat lenkt de Bleck oof an ass och onintressant. Et geet jo em de Mouvement, an duerch en neie Cadrage kimm e fill mei zur geltung.
Kuerz gesoot, du häss d'Spigelung ganz erausgeschnidden... Ech wollt eigentlech d'Bewegung an der Spigelung mat drop hun... Muss mer daat nach eng Keier ukucken... Merci
Mir gefällt den Kadrage mat der Spigelung ganz gudd. Fileicht wier et besser mat enger 1/25 oder 1/30 dann geif een ugedeit erkennen wat do wussscht. Awer wei gesot,wir nemmen fileicht besser.