d'Farwen, d'Konturen de Pelz haaptsächlech d'Konturen dovun an d'Expressioun fannen ech wonnerbar gelongen,
de Bokeh (sinn ech am gang ze üben) ass och ganz flott, hun emmer gemengt deen sollt monochrom sinn waat oft schéin schwéier ass,
gefällt mir ganz gudd esou
Merci Icylady .. tiptop mëss de dat .. et ass am Unfank nët sou einfach mais dat geet schon .. ech woar mer och oft onsecher mam kommentéieren mais ët léiert een séiere bei.
Den Bokeh muss nët onbedengt monochome (in one color) sinn .. fir mech perséinlech ass ët am Fong wichteg dass den Bokeh net zevill onroueg ass an nët vum Sujet offlenkt .. ee kann roueg ee puer Foarwen hunn an ët ass wichteg dass een mam Sujet haronéiert an den Sujet schein fréistellt. Bei dem héi Bild zb. encadréiert déi rout/brong Téin den wéissen Wollef an ginn ëm domadder zousätzlechen Kontrast an ën Stëcht doduerch nach méi vum Hannergrond of
Hei eng wou mier den Bokeh schon baal besser gefällt wéi d'Bill ...
Sekkulenten
Ën ergänzt den Sujet an gët dem Bild en plus value ...
villmols merci Schluck, sou wéi's du daat beschreiws absolut logesch an och vun mir als "Farwenfreak" total novollzéibar
et stëmmt datt d'Hervirhiewen vun den Farwen durch ausgewielten Farwtéin (an nët nëmmen deenen déi sech géinten iwer leien wéi z.b. greng an roud oder orange an blo) d'Farw vum Haptsujet ennerstreicht, hun ech och schons festgestallt, deen matt den Sekkulenten hätt ech mech net getraut, an en ass wonnerschéin, ech muss d'Gewunnegt kréien méi matt grousser Blend ze schaffen (heescht eben Stativ waat mir Spontanitéit helt) mee dann kréien ech och méi roueg Hannergrënn also üben üben üben merci nach eemol