Eng Concertsfoto vum Bassist vun Heartbeat Parade geknippst ee Samschdeg an der Rockhal beim Benefissconcert fir de Sebb, de Sänger vu Babyoil, dee virun engem Joer ee schwéiert Accident hat.
Fir senger Fra a Famill ënnert d'Äerm ze gräifen, hu seng Frënn "The Army of Butterflies" zesummegetrommelt, fir ze hëllefen, déi laang a käschtenintensiv Reha ze finanzéieren.
Mat dobäi waren d'Bands Monophona, Dana.plan, Hal Flavin, Mutiny on the Bounty, Heartbeat Parade, Babyoil mat verschiddene Sänger, Mount Stealth a Sun Glitters.
Weider Biller vum dem emotionalen Concert fann der héi:
http://kultur.rtl.lu/kulturpur/fotoen/13369/overvi...