jo, dat waren nach Zäiten, sinn nach als Kand mat menger Mam, eng kéier dermat op Bäreldeng gefuer, dorunner erënneren ech mech nach esou gutt, als wier et eréischt gëschter gewiescht
Super Série, do kommen d'Erënnerungen, ech hun als Bouf am Stadterpark do un den Hiewelen a Rieder gedréint. Gesäit awer elo vill besser aus dobannen, eng top Restauratiounsarbecht gekonnt an den Biller festgehalen Jeanny.
mir am Duerf sinn eigentlech selten an Stad komm, ech weess dass ech emol mat dem Tram op Bäreldeng gefuer sinn, do war ech nach kleng gesinn mech haut nach doranner setzen dat war en Erliefnes deemools fir mech
Merci gemu
Waat mer besonnech gudd gefällt daat sin d'Refléen vun der Lucht am Holz an och am Plafond.
Wann éen déi Fotoen kuckt fillt éen sech an der Zéit zereck versaat.
Eng ganz schéin Serie Jeanny.
Moie Jeanny
Daat ass mer opgefall, villeicht mat engem Weitwenkel wär et e bessen besser gaang.
Mee du hues daat wirklech ganz gudd hin kritt!!!!
Och e schéine Weekend fir dech