byFotoFous
Jungspund
Dabei seit: 19.07.2010
Beiträge: 24
|
|
D60: "Auslöser erneut drücken" - futti?????? |
|
Salut,
Ech hun e Samsdeg Fotoen gemat, an ob emol stung an mengem Display: "Auslöser erneut drücken".
Hat schon een vun Eech den Problem?
Hun alles aus an un gemat, Batterie gewiesselt, SD Kart gewiesselt etc. Me leider ouni Erfolleg! Ech kreien Fotoen na gekuckt um Apparat,awer keng mei gemat! Ech hun en elo 2 Joer! Wees en e Trick, oder wees en wat dat sen kann??
Villmols Merci
ROL
|
|
10.01.2011 19:41 |
|
|
VeloBen
Doppel-As
Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140
|
|
RE: D60: "Auslöser erneut drücken" - futti?????? |
|
Den VeloBen wees do och keng Léisung méi.
Google mengt et wier den Verschloss, an daat get eng deier.
|
|
10.01.2011 19:45 |
|
|
|
Also ech hun nach nie geheiert dass dat kann gescheien
|
|
10.01.2011 20:00 |
|
|
BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
ojeeh XD
hmmm empfehlen daat üplecht, akku raus, akku ran, spaicherkaart wiesselen (een fun den forumen seet dass et dorun geleen hett), DERNO GOOGLEN!
, dann aschecken, dann............canon kaafen xD
op allefall eng lusch fehlermeldung...dass et un der spaicherkaart lait erschengt mer zimlech plausibel awer ech hun iergendswei keen sou Fehlerdiktionnaire font wei et där een bei Canon get....vlait do nach enka derno kuken
as nach garantie drop? wann joh, as aschecken emmer dei beschten Léisung!
__________________ No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
|
|
10.01.2011 20:10 |
|
|
byFotoFous
Jungspund
Dabei seit: 19.07.2010
Beiträge: 24
Themenstarter
|
|
merci mol alleguer!
Garantie: hun se den 05/01/09 kaaft, an ech mengen et sen 2 joer garantie, dh: em puer deeg verpasst......
ech froen mech ob dat do net no der neier D700 ausgesäit...
|
|
10.01.2011 20:14 |
|
|
VeloBen
Doppel-As
Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140
|
|
Wanns de eng D700 keefs kanns de jo dein FX Objektif haalen. Well daat passt dann ganz gut opp Vollformat.
|
|
10.01.2011 20:40 |
|
|
BerBe
Eroberer
Dabei seit: 20.02.2010
Beiträge: 68
|
|
Wow vun der D60 direkt op eng D700
, oder hues de D7000 gemengt?
|
|
10.01.2011 21:01 |
|
|
byFotoFous
Jungspund
Dabei seit: 19.07.2010
Beiträge: 24
Themenstarter
|
|
Richteg, hat jo just eng null vergees!!!!! Et sollt d 7000 sen! :-))
|
|
10.01.2011 21:04 |
|
|
Laurent76
Tripel-As
Dabei seit: 22.01.2010
Beiträge: 162
Herkunft: Erpeldange
|
|
Hues te een Batteriegreff drun...?
__________________ Laurent
|
|
11.01.2011 16:17 |
|
|
Laurent76
Tripel-As
Dabei seit: 22.01.2010
Beiträge: 162
Herkunft: Erpeldange
|
|
Wann keen Batteriegreff dann formateier deng SD Kaart emol an der D60, wann et muß sin och e puer mol...., an der zweschend emmer nees Probeieren...
__________________ Laurent
|
|
11.01.2011 16:19 |
|
|
byFotoFous
Jungspund
Dabei seit: 19.07.2010
Beiträge: 24
Themenstarter
|
|
Ass eng ouni batteriegreff! Ech hun schon mat aneren karten probeiert, gung o net! Kann d'fotoen dei ob der kaart drop sen, kucken, dh et dierft net un der kart leien?!
|
|
11.01.2011 17:41 |
|
|
McQueen unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von BlackPanther
ojeeh XD
............canon kaafen xD
as nach garantie drop? wann joh, as aschecken emmer dei beschten Léisung! |
Zitat: |
Original von byFotoFous
merci mol alleguer!
Garantie: hun se den 05/01/09 kaaft, an ech mengen et sen 2 joer garantie, dh: em puer deeg verpasst......
ech froen mech ob dat do net no der neier D700 ausgesäit... |
Fro mol no....weinst denen puer Deeg.....mol geet et, mol net...mais fro !!!!!!
Du kanns just gewannen dobäi...
Am sorry, bei dengem Problem kann ech leider net hellefen...
|
|
11.01.2011 17:41 |
|
|
Nicon07
Foren As
Dabei seit: 31.01.2006
Beiträge: 99
|
|
Gudden Owend alleguer!
Ech hun elo grad méch durch eng Rei Nikon-Fore gegoogelt a sin dobäi op di onméigléchst Erklärunge gestouss zu deem Feeler. Mais op enger Plaz huet och ee geschriwwen, am Handbuch dun der D60 géif stoen, datt wann déi Feelermeldung ugewise gett, ee soll bei den Nikon -SAV goen. Also schingt dat ee Problem ze sin, dee scho bekannt ass, oder mat deem Nikon scho rechent. Ech hun och gelies, et soll een ee komplette Reset vum Apparat maachen. Mais dat géif ech awer elo mol si loossen, och wann de SAV dat selwécht hanneno mécht. Egal wéi: Fro ëmmer den Devis vun enger Reparatur. Meeschtens gëtt et op laang Siicht gekuckt, méi gënschteg, een update vun der Hardware (an dësem Fall eng D7000, déi och nach filme kann) ze maachen, wéi di aaner ze reparéieren. Mais dat muss jideree selwer fir séch an am Accord mat séngem "Finanzminister" décidéieren. Wéivill Ausléisungen huet déng D60? 500? 5000? 50 000? Dat ass mol di eng Saach. Di aaner: kriss du eng D7000 als Boîtier alleng, ouni Objektiver? Verkrafft däi Computer doheem mat sénge Späicherméigléchkeeten a séngem Prozesser ee Sensor vu 16 MPx mat deementspriechnd schwéiere Fichieren? Wéi ass dann d'Qualitéit vun de Fotoen, wann op sou engem héichopléisende Sensor "nëmmen" Objektiver fir déi méi aal Modeller vun 10 Mpx drop ass? Oder hues du schon deier F:2,8 Optike fir FX-Sensor? Alles Froen, déi ee muss op mannst séch stellen.
Ech wënschen dir vill Chance, datt séch de Problem léisst an datts du neess geschwë kanns Fotoe maachen.
Nico
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Nicon07 am 11.01.2011 18:07.
|
|
11.01.2011 18:04 |
|
|
byFotoFous
Jungspund
Dabei seit: 19.07.2010
Beiträge: 24
Themenstarter
|
|
@ mcqueen: probeiern mol wat den Auchan zur garanti seed....
@nicon 07: d7000 get et leng als boitier, hun na keng ob vun 2,8 ! Wat fir dann am moment ubruecht fir ze kaafen? Hun mer geduecht vun enger D60 ob eng D7000 wir ok, oder mengs du net?
rol
|
|
11.01.2011 19:07 |
|
|
McQueen unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von byFotoFous
@ mcqueen: probeiern mol wat den Auchan zur garanti seed....
|
ok huelen alles zereck an behapten den contraire
schued
ech hätt dir et gewenscht, dass et nach geklappt hätt
|
|
11.01.2011 20:08 |
|
|
Nicon07
Foren As
Dabei seit: 31.01.2006
Beiträge: 99
|
|
Also eng D7000 ass ob alle Fall mol dee beschten Nikon-Boîtier am DX-Format, deen s du am Moment kanns kréien. Ouni Zweifel: Wann s du wirkléch up to date wëlls sin, da kënns du do net derlaanscht. Außer, du wéis op FX ëmklammen, awer da bass du an enger ganz aanerer Präislaag.
|
|
11.01.2011 20:16 |
|
|
Laurent76
Tripel-As
Dabei seit: 22.01.2010
Beiträge: 162
Herkunft: Erpeldange
|
|
Probeier awer emol SD am Apparat ze Formateieren, kascht jo naischt....
__________________ Laurent
|
|
11.01.2011 20:43 |
|
|
byFotoFous
Jungspund
Dabei seit: 19.07.2010
Beiträge: 24
Themenstarter
|
|
Merci, mee main problem ass na emmer do... :-(
|
|
13.01.2011 18:41 |
|
|
BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
waat dGarantie ugeet dei "puer Deeg iwert den datum as" do kruut ech op der Photokina, wou ech mech bei engem Techniker (CANON!) beschwéiert hun, gesoot dass daat keen Problem as! do sin se net sou streng!
allerdings muss de den Versand selwer maachen, heescht paak den Apparat an eng Kescht, mat allen Pabeiren derbai, an enger detailleierter Beschreiwung waat futti as / waat fiergefall as - an scheck se direkt bei dFabrik (wou ech lo bei Nikon net wees wou se as)
daat as emmer nach een Versuch wärt. weigesoot schlemmstenfals kriss de se zrekgescheckt ouni geflickt ze sin - an wann se eppes kenen maachen lossen se dech daat schon wessen!
mee wanns de "souwisou eng nai wolls kaafen" ...
__________________ No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
|
|
13.01.2011 19:06 |
|
|
|