BigVood unregistriert
|
|
Hu nëmme ganz positiv Erfaarungen do gemeet: hunn an deene läschte Joer fir vill dausenden Euro do kaaft, dobäi zwee mol e Canon 500er per Vorkasse. Läschte Mount nach een Sigma 120-300 2.8 S. Kanns d'Saache bei de Patron Heem siche goen op d'Musel oder Heem schécke loosen.
Nëmme positiv Erfaarungen gemeet, och mat engem futtisen Sigma 150 2.8, AF a Stabi vu Fabrik aus am A... . De Patron huet sech drem gekëmmert, an no 10 Deeg war d'Objektiv rem heiheem, ouni eppes ze kaschten.
Wéi gesot, ech hunn vill do kaaft, super zefridden. Kontakt per e-mail super schnell (ënner 24 Stonne normalerweis).
|
|
24.09.2014 18:40 |
|
|
strato
Grünschnabel
Dabei seit: 15.03.2014
Beiträge: 2
Themenstarter
|
|
Gudd ze wessen. Merci
Froe mech just wéi déi Präiser zustan kommen...
|
|
24.09.2014 19:45 |
|
|
ornitho unregistriert
|
|
http://fr.m.wikipedia.org/wiki/Micro-entreprise
Den Digiwow muss als Microentreprise fonktioneieren soss asset net meigleg fir dei Preiser... Rechen mol iweraal 15 % Tva einfach of bei da Konkurrenz, an dann kennste no un seng Praiser drun... Bon hien get net vun Canon selwer geliwert, well en ass keen Prodealer, theoretesch dierft en weder e 5D mk III, 1Dx, an superteleobjektiven an nach eng anner Serie net verkaafen, also get Marchandiese vun engem anneren bedriewen den Canonprodealer muss sen, oder awa Groimport kinnt sen...
Wobei en muss oppasen wannen Canonmaterial verkeeft et kann sen dass Facture net gülteg ass beim Service aprés vente Cps ( Profiservice vun Canon ) vir Garantie do hien net autoriseiert ass de Profimaterial ze verkaafen....Well hei am Land ass just den CK an de Mirgain Prodealer !
bon et sen Leit do dei gudd affairen gemach hun, an kennen da 2 dei huddel mat dem Typ haten wat Garantie ugangen ass....
Do muss halt jidereen selwer wessen wouen keeft, Ech perseinlech bezoulen leiwa peur Euro mei an wees wou meng Weur hier kennt, an wann eppes ass, ass och e Service hanendrun den engem Heleft !
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von ornitho am 24.09.2014 23:40.
|
|
24.09.2014 23:39 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Zitat: |
Original von ornitho
http://fr.m.wikipedia.org/wiki/Micro-entreprise
Den Digiwow muss als Microentreprise fonktioneieren soss asset net meigleg fir dei Preiser... Rechen mol iweraal 15 % Tva einfach of bei da Konkurrenz, an dann kennste no un seng Praiser drun... |
Dat mat der TVA gëlt just fir Frankräich a just fir bestëmmte Beräicher, hei am Land muss all ugemellten sà rl TVA bezuelen, also ass nix mat mol 15% ofrechnen
__________________ 404 - Not found
|
|
25.09.2014 09:00 |
|
|
ornitho unregistriert
|
|
sin engkeia vir net all zu langer Zait am Franseichem Forum vum Chasseur d'images op dei Sach mam Digiwowo gefall, an do heut hien anscheinend sech geoutet weien gief fonktioneieren.... Och Infoen vun senger Firma virdrun fennste do zereck etc... an och Problemer wouen mat Leit virun Gericht gangen ass etc...
Dei anner sach mat de 15 Prozent ass navell net verkeiert ugesat, kuk mol den 1DX bei him 4798 € den CK / Mirgain 5799 € ...
Esh wees wat en 1DX brutto am akaaf kascht, an gleef ma Marche beim CK / Mirgain ass net Deck, an zugeur wannse wilten op 0 Benef eraus kommen, wou sech awa TVA nach drop nees rechnet, kommen se nie un de Prais drun vum Digiwowo wou TVA io schon Inclus ass.
Mir asset souwisou och Egal schlussendlech, Esh well dem Digiwowo och nix beises oder soss, Deelen just dat mat wat Esh heieren an Gelies hun, an vir de rescht kaafen Ech bei menegm Verkeefer des Vertrauens weiderhin an, och wannen den dann mei Deier ass ewei den Digiwowo.
P.s. den Digiwowo ( good-bye S.à r.l ) heut awa keen physikalecht Geschäft oder ? dat heecht dann mist en bei de Patron heem ? wat dann io och zugleicherzait sain Haus ass an keen Geschäft, demno wei grous de Problem wir kinnten Desh virun da Dier stoen lossen, wat an engem Physikalechen Geschäft net esou licht gief goen...
|
|
25.09.2014 12:29 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
wat ëmmer nach ka sinn ass dass en mat nach enger weider anerer Firma schafft an Frankräich oder sou an do Suen hin an hier schiebt fir laanscht Steieren etc ze kommen, dat ass net onméiglech eme dat fënnt een esou och net einfach eraus :/
__________________ 404 - Not found
|
|
25.09.2014 16:11 |
|
|
OK-Photography
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
hmm also ech hunn bis lo main KOMPLETT Material do kaaft, einfach well d'Praisser interessant sinn an den Herr hannert dem Buttik ganz fein ass,
Problemer hat ech eng Kéier mat menger 50D, dei gouff awer problemlos repareiert, an dat iwwert een aneren Buttik wei Digiwowo. Op dat lo un gudden Connections luch oder einfach nemmen un enger korrekt identifizeierter Seriennummer, wees ech net. Hat deemools op allefall alles reibungslos geklappt.
Soss muss ech soen, hat ech nie Problemer mat mengem Material.
Et stemmt awer dass am Internet allerlee wüüüüst Gerüchter iwwert den DIGIWOWO kurseiren, vun dubiosen Failliten wou d'Lait hier Suen nie méi gesinn hunn bis zu privaten Affairen etc. alles derbai.
Fir mech as kloer dass en Praissdumping mecht an doduerch wuel net extra beléift ass, ech mengen awer dass zumindest direkt iwwert si ze fueren fir Garantiefäll keen Thema dierft sinn, emmerhin hien kennt sech mam Material aus, an sollt keen Problem domat hunn sech em een Ersatz/Reparatur ze kemmeren wann den Mirgain oder aner "offiziel Vertreter" Stunk maachen (wat se secherlech maachen, well déi éischt Fro EMMER ass "vous avez acheté chez nous?")
Mee wéi Ornitho seet, jidfreen muss sech do seng Meenung maachen
__________________ No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
|
|
25.09.2014 22:29 |
|
|
BigVood unregistriert
|
|
Nach e positiven Nieweneffekt vum Akaf do: mat deenen villen Honnerten vun Euro, déi ech do gespuert hunn, bezuelen ech schonns säit e puer Joer, a nach e puer Joer weider, eng Versécherung vir mäi komplett Fotomaterial.
Falls also eppes net sollt iwwert Garantie goen, ass Versécherung nach do.
Déi gespuerte Suen investéieren ech, fir kenne mengem Hobby nozegoen, ouni mir musse vill Suergen iwwert eventuell Problemer ze maachen.
Falls et mat digiwowo Problemer géif ginn, da géifen d'Forumen doriwwer voll stoen: de Ruff wier séier flöten an de Betrib net méi konkurrenzfäeg.
Hat ufangs och bei deenen sou genannte spezialiséierte Geschäfter kaaft: 3x stonnelaang mam "Fachmann" rëmgestridden, well een Objektiv eng eklatant Feelfonktioun hat. No 3x Aschécken a wochelaangem waarden iwwert de "spezialiséierte" Buttek, war nach ëmmer näischt geschitt. Hunn d'Saach du selwer an d'Hand geholl, mam Resultat datt ech vu Canon e reparéiert Objektiv zeréck krut.
Wéi gesot, déi gespuerte Suen investéieren ech léiwer an e rouegt Gewëssen, datt mäi Material géint al Schued verséchert ass.
|
|
26.09.2014 20:08 |
|
|
Scyv76
Grünschnabel
Dabei seit: 30.07.2010
Beiträge: 3
|
|
Also ech vir mein Deel muss soen dass ech och schons do kaaf hun, zb mein 70-200 an 24-70. Ech haat aawer all kéiers e bessi en mulmegt Gefill an hun och nie per Vorkasse bezuelt mee direkt bei him selwer. Bis elo huet aawer alles reibungslos geklappt. Ech muss aawer och soen dass vir méi déiert Geschiir ech léiwer bei den CK akaafen gin well ech mehc do méi secher fillen. Ech hun beim CK z.b. mein 200-400 kaaf an bei deenen Zommen woor et mir ze riskant beim Digiwowo ze kaafen. Ech hun aawer e gudde Kolleg deen huet seng 1dX an sein 200-400 beim digiwowo kaaf. En haat Problemer mam Fokus am Al-Servo Mode an huet en dun bei den digiwowo gin deen dei 2 Saachen ageschéckt huet an elo schéngt alles ze fonktionéieren. Demno schengt den Service après-vente jo dann iirgendwéi ze laafen. Ech perséinlech gin vir sou déier Aparatur aawer och léiwer e puer Euro méi aus an gin dann an en "richtegt" Geschäft. Mee wéi gesoot, daat ass affaire de goût an eng Saach vum perséinlechen Empfannen...ech kann allzeiten och elo net direkt eppes schlechtes iwwert den digiwowo soen.
|
|
20.10.2014 11:32 |
|
|
Jean-Marie
Jungspund
Dabei seit: 28.08.2013
Beiträge: 10
|
|
Ech hun och 2 Sachen do kaaf an hat och keen gut Gevill , mee vue que dass den Jong zu Letzebuerg setzt hun ech geduecht dann kennt een un hien falls eppes wie.
Ech hat dono just eng Klengekeet an do huet hien sech direkt bei mir zereck gemeld , also kann ech net meckeren.
Seng Wuer kent zimlech secher iwert den aalen Ostblock (ech denken Bulgarien) eran. Do huet Canon aner Preisser wei an Westeuropa an dofir kann hien esou interessant Preiser machen.
|
|
28.10.2014 14:26 |
|
|
jekyll
Jungspund
Dabei seit: 03.07.2011
Beiträge: 21
Herkunft: Mamer
|
|
Hat hei schons am Forum en Thread iwwert Digiwowo opgemaat, gin dofir net méi an Detailer an. Alles gudd sou laang keng Problemer entstinn, soubaals de awer en mini-quirk mat him hues... Katastrophe!
|
|
29.10.2014 09:03 |
|
|
|