Ech hu mir ee Filterset geleescht, do sin och di gängeg giel, orange a roud Filteren dran. Ech muss da mol eng Kéier di 5 Kilo dohinner schleefen. Dat ass gudd fir den Training... Ech weess awer net, ob ech een 82mm Polarisatiounsfilter hun...
Mach et net wëll deemno wéi daat ausgeet hues du de Jaycee seng ganz Kollektioun och nach ze schleefen Schléisse mech awer dem Jaycee un, awer nëmmen waat Qualitéit vun denger Foto ugeet, ech brauch meng Aparilloen eventuell nach ;_9
Ech sin net grad sensibel op Drohungen, wéi déi vum Jaycee hei. Ech weess, datt hien dat als Motivatiounsschub gesäit, mais datt hien et net iwwert d'Häerz bréngt, séng analog Kollektioun ze verschenken, sollt et mir da wirkléch glécken, dat do analog hinzekréien.
Iwwregens: Ee Bekannten aus der fotocommunity huet mir, - hal déch un - 30 (drësseg) Agfa Vista 100 gescheknt, déi 2003 ofgelaaf sin. Eise Labo entwéckelt jo ofgelaafe Filmer just, wa se manner wi 10 Joer ofgelaaf sin. Ech wëll méch awer net amuséieren, och nach C41 heiheem ze entwéckelen. Ech hu geguhgelt, wéi dat geet, an dat schingt mir dach net grad sou einfach ze si, wéi SW-Processing. Lo muss ech méch dann op d'Sich maache, fir ze kucke, wou ech dat entwéckelt kréien, a virun allem d'Fimer nach irgendwou fachgerecht ze lageren. Bei him louchen se jo anscheinend am kille Keller.
Du misst jo awer wëssen, datt et keng wesntléch Roll spillt, wéi een Aparillo een huet... Wann deen de Shutter op an zou mécht, wéi en dat soll, dann ass et duerno virun allem nach eng Saach vum Objektiv a vun eventuelle Filteren. An dann nach, ob een de Film "normal" entwéckelt oder " pullt " resp. " pusht ". Dofir: ech ku keng Angscht, datt s du déng Apparater fir sou eng "riskéiert" "Wett" affers...