Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Séracs..

 
Séracs..
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.08.2020
  • Gekuckt:
    35058
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    8
  • Beliichtungszäit:
    1/800 sec
  • Blend:
    f 8
  • Brennwäit:
    35 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    + 1EV
  • Gréisst:
    1600x731
  • Späicherplaz:
    860 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=90754]
Kommentar vum Fotograf:
..am Géigeliicht, um ieweschte Mönchsjoch "Wallis"
theom 13.08.2020 - 15:21
Flotte Bildopbau,Lichter hues de voll am Grëff.
Mir gefaellt déi do ganz gudd.
marker 14.08.2020 - 18:01
Tjo d'Liichter, an och nach mat Géigeliicht, ..mat Hëllef vum Histogramm huet een dat awer gutt ënner Kontroll.
Merci beaucoup Rob, mech freet natierlech dat d'Bild dech usprécht.
Nicon07 13.08.2020 - 16:08
Firwat faszinéiere sou naturstrukturen a Liichtspiller méi am s/w, wéi am farwéchen?

Einfach nëmmen top. An ech gi rose, wann ech bedenkent, datt ech dëst Joer wéinst deem "neiartege Corona-Virus" méng Wandervakanz a Graubünden hu missen ofsoen. Ouschtere, well mir hei net hun dierfe raus an elo am Juli, well d'Helvete gemengt hu, si missten eis aspäre, wa mir eis trauen, bei se ze kommen.
marker 14.08.2020 - 18:13
Ech hun och net direkt eng Erklärung dofir. Faarweg hat dëst Motiv z.b Null Wierkung, dofir hun ech ët als s/w verschafft. Net all Motiv eegent sech fir s/w, obwuel et fläicht zimmlech identesch kann ausgesinn eent vis à vis vun dem aneren.
Ee Beispill ass dëst Bild wou ech an der Woch gewisen hun, ..Schnéi am direkte Sonneliicht & Schieter. Obwuel hei och praktesch keng Faarw richteg present ass, de Schnéi just minimal giel - orange wéinst der Sonn wou scho ganz déif stung, an als Contrepoint am Hannergrond eng schwaach blo gesättegt Schnéiwand am Schied war aus menger Siicht net richteg am s/w ze gebrauchen, ganz flach an optesch net wirkeleg uspriechend. All Manipulatioun am RAW Konverter war direkt ersichtlech a keng Plus-value, ..dowéinst dee Post am faarwegen.

Thx. fir däi Kommentar Nico
pixelman10 13.08.2020 - 17:35
top Qualitéit an Motiv !
marker 14.08.2020 - 18:17
Dat freet mech ze liesen pixelman10, Merci beaucoup !
gemu 13.08.2020 - 18:24
Stark, Marc du bréngs eis di (nach) schéi Biergwelt, wou muencher een ni hikënnt, esou fantastesch no erun wéi kaum en aneren, et ass e Genoss!
marker 14.08.2020 - 18:18
Merci fir deng Appreciatioun a virun allem deng léif Wierder Georges, dat éiert mech !

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 329 Gäscht online