Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

MUdAM Triptych

 
MUdAM Triptych
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.01.2018
  • Gekuckt:
    71842
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    16
  • Beliichtungszäit:
    1/125 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    10 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0.66666666666667 EV
  • Gréisst:
    1400x549
  • Späicherplaz:
    431 KB
  • Originaldatum:
    2012:02:25 17:57:14
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 7D
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    10-20mm
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Technesch
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=88995]
Kommentar vum Fotograf:
aus 3 Fotoen zesummengestallt...
Metalbambi 18.01.2018 - 10:22
passen schéin zesummen. Den Faarfkontrast tëschent Blo an Giel ass super an deem Eck. D'Faarwen an dem lénksen Bild sinn just zimlech intensiv am Verglach zu den aneren zwou Fotoen. An géif vir PG méi eng kleng Rumm wielen, mee dat ass Spéngelzielerei... closed_eye
OK-Photography 18.01.2018 - 11:18
stemmt, ass mer nom Upload opgefall, iergendswei wierkt et am .PSD-Datei anecht wei am sRGB-export hei...hmm
stellen mol dFaarwen no,
an: den schwarzen Strich vun der Rumm ass lenks an riets ze no bai (am Verglach mat uewen an mat zwescht den Fotoen....) ah well.... Pixelzielen lount sech! D:

Merci Bob fir den Detail!!!! get nogebessert! bigsmile
pixelman 18.01.2018 - 11:11
Gefällt mer wonnerbar wéis de d'Architektur vum Mudam hei verschaff hues, méi op eng bildhaft Art a Weis.
OK-Photography 22.01.2018 - 11:43
merci, freet mech dass se usprecht! closed_eye
theom 19.01.2018 - 09:02
Eng flott Architetur ganz gudd an d'Bild gesaat.
A esou Museen gefaellt mir perséinlech d'Architektur besser ewéi d'Exponaten.smile
OK-Photography 22.01.2018 - 11:44
hehehe bigsmile jo, henkt dovun oof wat si grad ausstellen, allerdeng d'Gebai selwer get nie langweileg! smile
Grad duerch d'Spill vun der Luucht dobannen entstinn emmer rem spannend Beliichtungen....
Jean-Jos 19.01.2018 - 23:59
absolut t o p däin Triptychon
der Foto an der Mëtt feelt dat waarmt Gielt mat dem coole Blo
d'Rumm ass OK fir mech
OK-Photography 22.01.2018 - 11:45
merci Jean-Paul, stemmt dass se net 100% oofgestemmt sinn, misst do nach enka nodréiglech shadow/highlights anfierwen (hunn ech net sou gemaach, dFotoen sinn am Original mat där Luucht belueden...)
Freet mech dass se gefällt!
pixelman 21.01.2018 - 11:46
Da bass du schon den Gewenner vun der Wochefoto !
OK-Photography 22.01.2018 - 11:45
oh jeh smile
Et gouff wuel nees net vill Geklickt des Woch.... closed_eye
JADE 21.01.2018 - 14:42
hmmmm ... hun esou d' Gefill dass dëss eng WF gëtt ... closed_eye smile

mee, sie ass awer och gutt smile
OK-Photography 22.01.2018 - 11:46
woah! bigsmile DECH GET ET NACH HEI!!!bigsmile bigsmile bigsmile
Freet mech immes eppes ze liesen, Merci Namensvetterin! ;)
JADE 22.01.2018 - 22:28
jo, ech war eng Zäit ab ... prise par la (vraie) vie closed_eye
mee du wars dach och fort ... loin de la (fausse) vie, nee? closed_eye

wéi? heescht du well Jado? bigsmile
OK-Photography 24.01.2018 - 10:51
hehehe jooooh war 1joer ennerwee...best time of my life closed_eye
lo awer schon zenter engem Joer nees am Land, schaffen....

hihihi Oli, den Numm ass universal... closed_eye
t-ren 29.01.2018 - 20:06
absolut genial, d'Faarwen , Kompositioun ... nodreiglech Gratulatiounen,
normalerweiss stéieren mech vertikal verzunnen Linnen a Perspektiven,
beim 3 Bild awer feieren se mat Dynamik nach no uewen, e Stack mei heich, einfach flott.
OK-Photography 12.02.2018 - 11:29
Stemmt dass dFotoen all e bessi vun hierer Perspektiv praissginn - ech sinn keen Fan vun der "absoluter" Korrektur (dei am Fall vum Quadrat heinsdo ganz gudd passt) - sou dass ech se an desem Fall einfach sou geloss hunn...
Freet mech dass se dir gefaalen, sinn frou dass dest eng Wochenfoto gouff! closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 280 Gäscht online