1) d'Posch soll maximal zwou Woche bei engem bleiwen dono soll se weidergoen.
2) gëtt d'Posch weiderginn, soll (am Kommentar) drënner drageschriwwen ginn ween se kritt huet ( da wësse mer ëmmer ween se huet )
3) nodeems d'Bild hei gewise gëtt, soll de Virgänger ëmmer am Haaptkommentar ënnert der Foto weiderverlinkt ginn, ... ewéi hei elo ze gesinn :)
eng "Wanderposch" ...
4) um gewisene Bild, muss a soll d'Posch gutt ze gesi sinn, se muss awer net den Haaptthema dervunner sinn.
5) den Titel soll ëmmer "d'Wanderposch" mat fortlafender Nummer sinn.
6) changéiert d'Posch de Proprietaire, sollen vum Virgänger ( OP FRËIWELLEGER BASIS !! ) zwee Euro an iergendeng Photo, esou ëm 10x15 , mat hannendrop Adresse Numm an Telefonsnummer an der Posch verbleiwen.
7)Grondregelen sollen wegl als éichte Kommentar agesat ginn:)
Ët geet weider ... d'Wanderposch geet elo un de Gaga
War e Sonnden mat der Posch op der Musel ënnerwee :-)
Hat vill Spaass an Zuschauer :-)
d'Wanderposch 2