Extras: Deen nei KI-ënnersëtzen Entrauschermodul vu Lightroom
Fir anzesetzen: [pg_img=92557]
Kommentar vum Fotograf:
Anscheinend muss een als Tourist zu Porto sou eppes, wéi hei op de Fotoe gewise, gesin hu, soss wier een nit do gewiescht. Nujee! Impressionnant ass et schon.
Ech fier mein Deel sin nawell frouh, dass du daat gesinn hues well mier dei Fotoen ganz gudd gefalen ... just hun ech just den Androck, dass dei 1. liicht nolenks henkt???
Deen Androck täuscht, well ech hun di Foto minutiös mat Quadrillage geriicht, nodeems ech de Lightroom domadder beoptragt hun, d'Foto automatesch ze riichten. Wanns du rechts an der Foto de Beschofspalais an d'Tiirm vun der Kathedral an d'Torre do Clerigos kucks, déi sti schéi senkrecht. Mais bon, ech gin zou, datt een den Androck trotzallem huet, si géng kippen. Also 100% kritt een di optesch Feeler vun den Objektiver digital awer nit korrigéiert.
Merci fir däi Kommentar. A jo! Fléi eemol op Porto. 3 Deeg, an du kriss di wichtegst Saachen zu fouss gemaach (plus minus 20-25 Kilometer am Daag, da packt ee labber, well ee jo kulinaresch Pause mécht).
Genau, dei Tierm hun ech och genau gekuckt, mat deenen haat ech keng Bedenken, ech kommen just net mat den Wolleken kloer, doweinst hun ech d'Fro gestallt.
Di 1. (Titelbild) fannen ech excellent, di vill "kleng" Leit op der Bréck gin der Foto eng richteg flott Dimensioun an droen zu Sonnenënnergangstëmmung bäi. Merci fir d'Weisen du wors jo net als Tourist zu Porto mee als Fotograf