just zu den Terrassen an Emgeigend (Philosophenweg), wann op enger Plaatz eng chic Streetphoto meiglech ass, dann do. En scheint Bild vun der Staadt kann een och do maachen awer punkto Leit/Touristen, do kann een Gas gin. Den Wee erop war schon faszinierend mat där spuenescher Famill wou d'Mamm dei ganzen Zeit geflucht huet wei en Rouerspatz well et esou gei ass. Jiddfereen huet geschweest, awer uewen fier den Selfie war jiddfereen wei ausgewiesselt. Liebeskoppelen, Famillen, Solo, Gecken mat Fotoapparat et war vun allem dobei an jiddfereen op seng Art an Weis. Mier haaten en immenz flotten, faarwegen Nometten mat villen scheinen Andreck, leider huet net alles an der Kamera gepasst oder ech war ze lues oder ze haseleg. Mat dem "Schtroumpf en Or" hei um Bild hun mier och interageiert, en ganz feinen Kärel deen d'Welt bereest.
Allgemeng ass Heidelberg eng Rees wert, wiem soen ech daat ... do geet et nach emol hin.
Haaach ech schwärmen