Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Delphinium

All Fotoen an dëser Serie:
47751 Thumbnail
47752 Thumbnail
47753 Thumbnail
47754 Thumbnail
Delphinium
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.06.2022
  • Gekuckt:
    656
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    11
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Nikon F6
  • Objektiv:
    Nikkor AF-S 200-400mm f/4
Kategorie: Natur »» Blummen  
Extras:
Kodak Portra 800

Fir anzesetzen: [pg_img=92091]
Kommentar vum Fotograf:
Analog a back to the roots. Als bescheidenen Hommage um Edward Steichen séng Kompetenzen am Horticultural an an der Hybridatioun vu Rittersporn, hun ech eng kleng Serie Fotoe vum Rittersporn an eisem Gaard gemaach, mat "aalem" Geschiir: Bon, d'Kamera, d'Nikon F6 ass lo nit sou aal, well si ass eng vun deene läschten, déi Nikon gebaut huet. (2020 kaaft). D'Objektiv ass den AF-S 200-400mm f/4 VR vun 2010. An de Film ass ee Kodak Portra 800 vun 2021. Mais trotzdem ass et awer "vintage", well d'Hardware kritt een net méi nei ze kaafen an d'Emulsioun vum Fim huet ee rendu wéi viru 50 Joer.
https://www.moma.org/explore/inside_out/2011/03/08...
tormi 19.06.2022 - 15:06
Flott mat deenen doucen Faarwen, schein gewisen.

Den Edward Steichen war en gudden Kolleg vum Tony Neumann deen jo bekanntlech en Park um Lampertsbierg ugeluet huet. Och do sin esou munch Schätz dran ze fannen.
Nicon07 19.06.2022 - 15:16
Ech kennen dee Park gutt vu fréier (virun 35 Joer), wéi ech do um Cours war an dacks do an der Mëttestonn flanéiert sin (mat an ouni Accompagnement) closed_eye Deen ass wirklch flott a virun allem di Sequoia hate mir et deemols ugedoen. Enner aanerem ass dee Park och mat responsabel fir méng Léift zu englesche Parken a Gärt. Ech misst mol fir eng Fortsetzung vu méngem Tour en Ville dohinner goen. Merci fir den Tipp!
tormi 19.06.2022 - 15:35
Absolut, do steet den scheinsten Hondsaasch aus dem Land awer och en Beienbaam, Monkeybrains, en mächtegen Liederhülsenbaam, Schlangenhautahorn, dei deckst russesch Olive dei ech kennen (also den Baam, net d'Fruucht), en Geweihbaam .... hach esou vill schein Beem ...

allerdengs sin dei Sequoia's (Küstenmammut) an sech Sequoiadendrons (Bergmammut) awer och dei Douglas niewt dem Eisenholz sin schon impressionant.

war och schon puer mol do bigsmile

virun e puer Joer gouf en Griesergaart do ugeluet, ech mengen deen ass awer nees zereckgebaut gin, respektiv emgebaut gin well en net wierklech gelongen war. Leider huet missen eng mei selten Robinia doweinst Plaatz maachen.


Nicon07 19.06.2022 - 16:30
Dat ass sou eng Saach mat verschiddene Gärt, déi grad a Moud sin. Do war dach mol den Hype mam Piet Oudolf an de Grieser- a Sedumgärt, déi an der kaaler Saison hir schéinsten Zäit hu, well et do net em d'Bléi, mais ëmm d'Strukture geet. Vläicht sollt dee Griesergaart do jo an deem Stil sin, keng Aanung? Mais wéi sot d'Vita Sackville-West vu séngem Thymiangaart dzu Sissinghurst, wéi deen ugaangen ass an ee schéinen Eck gouf: "Et kënnt sou seele vir, datt Experimenter wirkléch geléngen" closed_eye
tormi 19.06.2022 - 17:41
ech hun dem Oudolf seng Gärt virun allem am urbanen Bereich emmer immenz flott fonnt. Hien huet vill mat nordamerikaneschen Stauden dei am Summer bleien geschafft. Vill Grieser sin tasächlech erreicht ab mett Summer richteg interessant, gin dem Gart dono awer bis weit an den Wanter eng Struktur.
D'Kombinatioun vun den Planzen lung doran dass et zu all Zeit vum Joer Heichpunkten gouf an Bleckachsen entstanen sin. Hei am Park war daat leider net gelongen. D'Grieser an d'Stauden waren all gleich heich sou dass een neierens iergendwei eng chic Siichtachs haat, den Gaart huet flaach ausgesin. (hun do nach iergendwou Biller dovun...) Daat war dann en Experiment waat net gelongen war.

Sissinghurst war leider zou wei ech do war, mier sin dun an den Hole Park weider gefuer
Nicon07 19.06.2022 - 19:31
Hues du dann op der Arbécht mat Gärt a Parken ze din?
tormi 19.06.2022 - 20:55
Jep, ech sin an villen Privatgärt ennerwee, vum Ennerhalt bis Planung ass alles dobei, doniewt sin ech nach an enger Reih öffentlechen Plaatzen dei ech zum Deel och selwer gestalten. Well ech awer elo selwer net mat upaaken bleiwt mier d'Zeit fier alles ze dokumenteieren. Ass och guer net esou onwichteg well een esou och d'Entwecklung kann verfolgen.

Nicon07 19.06.2022 - 22:17
Flott! Dat war och mol eng Zäit mäin Dram, wéi ech irgendwann een Duerchhänger hat, fir Pubertéirende Franséisch bäizebréngen. Hun dunn awer kee Courage gehat, fir eng Emschoulung. Mais den Hobbygaard huet awer vu ménger Passioun profitéiert. smile

BTW: Sissinghurst ass schéin, awer fir méng Begrëffer ass et zevill gehyped. Great Dixter a Groombridge Place hu mir ee gudde Krack besser gefall. Ech hat deemols ee VHS-Film gedréit, 1998, wéi ech mat ménger Fra eng Woch am Kent war. Ech hat deen dunn eemol op DVD gebrannt. Ech weess awer net, ob ech deen nach kucke kann. Di nei Computeren hu jo keng Laafwierker méi an am BluRay hun ech nach nit probéiert. bigsmile Fotoe misst ech awer nach fannen. Ech kann där jo scannen an hei no an no weisen.
tormi 19.06.2022 - 22:45
Great Dixter ass flott.
Ech war virun enger Dozen Joer mat mengem dendrologeschen Leiermeeschter eben och an där Geigend ennerwee, niewent Kew an Wisley Gardens eben och mei verstoppten Gäärt gesinn. Sou och zu Benenden beim Collingwood "Cherry" Ingram laangscht gefuer (nee, deen war net mei do closed_eye )
Misst een mol nees mei botaniseieren goen...
gemu 19.06.2022 - 18:17
Wow! Richteg schéin deng Fotoen an däi Gaard do wier de Steichen's Ed bestëmt neidesch gin, ech op jiddefall
Nicon07 19.06.2022 - 19:29
Jo, mais et ass vill Aarbécht an et klappt nir ëmmer, sou wéi ee séch dat virstellt mam zesummeliewe vun deenen eenzelne Blummen. Sou bléien si nit matenee, wéi een dat aus dem prospekt versprach kritt, oder si gi méi oder manner grouss, sou datt eng di aaner erdréckt. An dann huet ee, besonnesch bei Rousen, ëmmer verwieléchter um Strauch, wou een awer lo nit Loscht huet, fir ëmmer matzäiten ofzeplécken. Besonnesch bei aale Klammzorte, wou honnerte Blummen dru sin a wou ee muss mat enger Nacelle ropfuere, fir drun ze kommen. closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Drama

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: maroulis
Am Ganzen: 3712
1 Benotzer an 394 Gäscht online