Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Et reent Sonn

Et reent Sonn
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.10.2021
  • Gekuckt:
    28449
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    30
  • Beliichtungszäit:
    6/1 sec
  • Blend:
    f/16
  • Brennwäit:
    31 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1600x900
  • Späicherplaz:
    728 KB
  • Originaldatum:
    2021:10:24 16:02:18
  • Fotoapparat:
    NIKON D750
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    NIKKOR 24-120
Kategorie: Digital Art »» Natur  
Extras:
ND Filter.

Fir anzesetzen: [pg_img=91644]
Kommentar vum Fotograf:
Am Briedemesser Bësch bei Greiweldeng.
rullj 26.10.2021 - 12:35
Interessant Foto mat schéinen Farwtéin.
Paul-H 26.10.2021 - 12:36
Villmools Merci.
Nicon07 26.10.2021 - 19:09
Flotten Effekt, déi LZB mat Filé. An dat ouni Grofilter? An dann de STär durch di schmuel Blend. A mat deem Schwäif gesäit d'Sonn aus wéi ee Koméit. Mir gefällt dat doten.

Just mécht däin Objektiv ee liichte konkave "Vignettage" un de Borden. Engersäits zitt et méch an d'Bild eran op de Goldreen am Zentrum, awer aanerersäits stéiert et méch liicht, well "onnatiirléch" wierkt.

Mais summa summarum awer eng Topfoto, mol eppes Neies hei um Site.
Paul-H 26.10.2021 - 20:05
Villmools Merci fir den ausféierlechen Kommentar.
Et ass net d'Objektiv sondern ech hun tatsächlech selwer eng Vignette drop gemaach. Eben fir dass een an d'Bild eran gezun gett, mee vleicht hun ech iwerdriwen dermatt ?
Nicon07 26.10.2021 - 22:03
Dann ass et gutt. Ech hun nämléch gefaart, du häss do ee problematescht Objektiv. Dat wier nämléch blöd. Wéi eng Generatioun vu 24-120 ass dat dann? Deen, deen ech och hun, dee mat der variabler Blend, oder dee rezente mat der Fixblend 4?
Paul-H 26.10.2021 - 22:26
Variabel Blend, deen war als Kitobjektiv mat bei der D750 derbäi an leescht mir gudd Dengschter. 24-120 kann een oft asetzen, siew et fir Landschaftsfotoen oder och fir Noopnahmen. Ok fir e gudden Makro gett et wuel besseres mee daat ass net grad meng Spezialitéit.
Hei wir eng fix Blend 4 net ze gebrauchen gewiescht, dann hätt ech den ND Filter missen vill méi oofdonkelen. Sou haat ech den Virdeel dass den AF nach e bessen eppes gesin huet an ech hun net missen hin an hier sprangen teschent scharf stellen, MF an den ND Filter rem ofdonkelen. Waat emmer rem kriddelech ass.
Nicon07 27.10.2021 - 08:58
Ech mengen, ech hu méch falsch ausgedréckt. Mat Fixblend hun ech net gemengt, datt dat d Objektiv just Blend 4 géing opmaachen, mais datt d Offenblende iwwert di ganz Plage vu 24-120mm bei 4 bleift. A mat variabler Blend hat ech gemengt, datt d Offenblende bei 24mm 3.5 ass a bei 120mm 5,6, sou wéi bei méngem aalen Objektiv. Awer fir de Rescht kann een natiirléch bis 22 no an no zoumaachen. closed_eye
Paul-H 27.10.2021 - 12:09
Do hu mir lo laanschterneen geschwaat. Ech hun mech alt gewonnert firwaat eng Objektiv eng fest Blend soll hun. Ech hun den Begreff Fixblend falsch interpretéiert.
Also mäin Objektiv geet mat Blend 4 iwer déi ganz Plage vun 24 bis 120mm.
Nicon07 27.10.2021 - 16:58
Also ass dat di nei Versioun. Déi soll nämléch manner optesch Feeler hu, wéi méng aal. Dofir huet méch dee konkaven Effekt gewonnert.
Paul-H 27.10.2021 - 19:01
Bon, hun ech awer schon 2015 mat der Kamera mat kaaft. Sou nei ass et also net méi.
Nicon07 28.10.2021 - 12:41
D'Zäit vergeet ebe séier. smile
Paul-H 26.10.2021 - 21:53
Ajo, dach ech haat e Grofilter drop, ech hun vergiess daat bei den Extras dran ze schreiwen.
Nicon07 01.11.2021 - 11:12
Eeendeiteg dee richtege Choix fir des Woch! Félicitations! smile Ech freeë méch fir déch.
Paul-H 01.11.2021 - 11:31
Villmools Merci.
marker 27.10.2021 - 11:34
Coolen Effekt a schéi Luucht. Gutt gemach Paul!
Paul-H 27.10.2021 - 11:44
Villmools Merci.
theom 28.10.2021 - 14:15
Eng romantesch Opnahm.
Paul-H 28.10.2021 - 19:49
Villmols Merci Robert.
Zora 28.10.2021 - 18:22
Mega cool dei Stemmung !
Paul-H 28.10.2021 - 19:49
Villmools Merci Pierrette.
gtaddei1 29.10.2021 - 00:56
herrlech
Paul-H 29.10.2021 - 11:14
Villmools Merci.
Jean-Jos 29.10.2021 - 21:55
kreativ a gutt gelongen!
Paul-H 29.10.2021 - 22:48
Villmools Merci!
rullj 01.11.2021 - 07:33
Gratuleieren zur WF.
Paul-H 01.11.2021 - 11:09
Villmools Merci.
Zora 02.11.2021 - 06:25
Gratulatioun smile
Paul-H 02.11.2021 - 11:32
Villmools Merci.
theom 02.11.2021 - 11:08
Congrats ! Paul
Paul-H 02.11.2021 - 11:32
Villmools Merci.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 399 Gäscht online