Wonnerschéin, d'Luucht top captéiert!
Eenzége Mini-Kritikpunkt, an dat ass a.d.g., am VG sin zevill Steng: ech verstin dech natirlech, wëll besonnesch de Steen op 19 Auer extrem attraktiv ass, du wolls dee mat drop hun.
Merci Jean-Jos, elo wou%u2019s du et sees, zevill ass zevill, mee wann een bis eppes am Kapp huet muss een mol do un lass kommen. Ech hätt missen bei menger eischter Idee bleiwen, um Quadrat bleiwen, vun lënks un, da wär och dei fiktiv Linn iwerrt dei deck Steng evtl. Besser eraus komm ouhni de Chaos riets.
Wonnerbar Stëmmung, di puer Liichtstralen am Hannergrond machen et aus. Do hues de richtege Moment ofgeward. Mech perséinlech stéiert d'Mass vun de Steng net wëll du hues lënks am Eck eng Entrée an d'Bild mat engem "Wee" duerch d'Steng gesicht déi daat ganz oplockert.
Ohla, ech hat dëst exzellent Bild vepasst Gudde Bildopbau, awer dat wonnerschéint rouegt Liicht ass et waat däi Bild a mengen Aaen hei ausmecht. Fir mech ee Fav..!!