Immens flott der Foto e gëllene Schnëtt verpasst!
Super och déi fiktiv diagonal Linn, déi ee sech denke kann vum Fiels ënne lénks op uewe riets.
Fäin Spiggeling an als Kiischt um Kuch dee Mann, den do sëtzt an eis eng gutt Gréissenuerdnung vun der Plaz vermëttelt!
merci fir den Fav, de Mann ass an dësem Fall de Fotograf mat der Fernbedienung an der Hand .
déi 1 Diagonal war gewosst, beim 2te Bleck fannen ech kennt dei vun enne riets no lenks erop bei de Fiels durch de Fuarwwiesel am Wasser grad esou eraus.
..richteg flotte Bildopbau, gutt Déiftenopdeelung an eng herrlech Liichtstëmmung. Ebenfalls super wéi d'Niwwelwand d'Bild wéi mat engem Schleier ofschléisst..!!