Hei gesin ech absolut keng Ursach fir e Panoformat am 16:9, ëmsou méi wou och nach interessant Informatiounen verluer/geschnidden gin, esou d'Sandalen déi dach bei dem holperegen Wee an engem schéinen figurativen Kontrast mat den Steng sin.
Eng wonnerbar ganz natierlech Obnaam fir ze Entspaanen, I like
Den Avantage ass dat et méi ob d'Menschen/Gesiichter fokusséiert well manner uewen- an ënnendriwwer oflenken kann. An eben generell en méi cineasteschen Look...
D'Argument mat den Detailer ass awer hei effektiv berechtegt, virun allem och bei den Bierger am Hg war ech mer net secher. Merci vir d'Kritik an och den Fav!
..déi 2 ganz markannt Personnagen an engem schéinen waarme Liicht an hierem natierlechen Ëmfeld fotograféiert. I like..!!
Fir mech op jidde Fall ''original''
16 * 9 awer anescht geschnidden 'pour mon villain goût': ech géif et wichteg fannen, wann hei d'Féiss vum Personnage vir ganz drop wären, uewen ass méngen ech genuch Spillraum fir ze schneiden (an zwar jhust bis un d'Pic'en vun de Bierger am HG.
Extrem uspriechend Szen, déi en esou normalerweis nët mat ze erliewen kritt a scho guer ze fotograféieren kritt.