Oh, du bass méi lang déi aner Säit vum Mëttelmier, dat bedäit mir kréien nach eng Reih flott Fotoen ze gesin wéin déi heiten.
Mir gefällt hei niewt dem super Stärenhimmel déi duerchgehend Autoluuchtlinn mat hire Kéieren. Immens.
Eng Fro: bei esou enger langer Beliichtungszäit, hätt ech mer spontan erward, datt d'Stären Bewegungssträifen géifen machen duerch d'Erddréiung, wéi een dat hei erklären, datt dat nët de Fall ass? Du bass natirleche bësse méi no beim Äquator ???
Ech hat kuerz ugeruff ob se stallhalen kéint... Als Geolog kritt een d'Nummer vir d'Hotline.
Dat do sinn d'Exifen vun der Foto vir den Vg. D'Stäeren sinn mat den klasseschen 30s/f2.8/ISO1600 gemaach. Bei 11mm Brennwäit geet dat sou just duer vir keng siichtbar Trails ze kréien. Ob Nordpol oder Äquator mëscht hei keen mierklechen Ennerscheed well d'Wénkelgeschwindegkeet ëmmer déi nämmlecht ass.