Kommentar vum Fotograf:
U sech war et e relativ langweilege Sonnen-opgang, mer hu probéiert d'Wellen ze fotograféieren déi op d'Fielse geschlo sinn, an dunn hunn ech gemierkt dass e puer Villercher geflu komm sinn an hunn natierlech gekuckt se mat drop ze kréien.