Merci Black Lizzard,
et war wierklech en Erliewnës di héich Arktik z'exploréiren
D'fotoen ginn leider Gottes de Feeling net erëm, dee war einfach fantastesch
Eng fantastesch Natur-Landschaft, wou op Kilometeren keng Spur vu menschlecher Aktivitéit ze gesinn ass.
Dann has de e super Himmel, deen sech och nach am rouege Waasser perfet spijelt. Gefält mir exzellent!
Déi Wolleke gefalen mir. Schéin Foto. Wär villäicht och e schéinen Panorama, wann s Du uewen déi Grouss Wollek ewech schneits an ënnen och e bësschen ? Sou dat 1/3 vun der Foto iwwer dem Horizont ass en 2 ënner den Horizont.
Ech hat un e bësschen aneren Equiliber zwëschen Waasser, Himmel an Äerd geduecht. Lo dominéieren d'Wolleken d'Foto. Mee duerch déi Spigelung kritt d'Photo eng immens Déift, déi se dann schonn verléieren géing. Sou wéi se lo ass kéint een sech e ganzen Dag virdru setzen an sech an der Landschaft verléieren. Ech mengen ech muss och eng Kéier dohin