Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Trabocco

 
Trabocco
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.06.2015
  • Gekuckt:
    40905
  • Favoriten:
    6 (Wen?)
  • Kommentarer:
    26
  • Beliichtungszäit:
    360 sec
  • Blend:
    f7.1
  • Brennwäit:
    24mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1024x683
  • Späicherplaz:
    434 KB
  • Originaldatum:
    05/2015
  • Fotoapparat:
    Canon 5D MK3
  • Programm:
    B
  • Objektiv:
    24-70canon
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=83314]
Kommentar vum Fotograf:
No langer Zäit mool nees en trabocco geknippst ... awer des Keier spéit owes
Jaycee 09.06.2015 - 00:41
Ob daat elo dé schéinsten Trabocco ass siëf emol dohi gestallt, ët ass op alle Fall dé bescht fotograféiersten den ech bis elo gesinn hun! smile
gtaddei1 09.06.2015 - 08:20
Merci fir de kompliment an fir deen eleganten Kommentar... Et meet wierklech plaiseier
Jeanny 09.06.2015 - 06:21
Trabocco, nach nie heieren smile Fischergalgen oder Fischwaage ob deitsch. e wonnerscheint Motiv an eng freet fir Aen Gennaro Top
gtaddei1 09.06.2015 - 08:18
Jo et gin der och an der Gironde ... Merci wierklech
gemu 09.06.2015 - 07:48
Superbe Foto am dezenten Liicht waat nach iwreg bleiwt an ëmmer méi verschwënnt, et ass eng Foto an trotzdem wann een se méi laang kuckt wéi e Film wou et lues a lues däischter get. Immens Naturstëmmung, d'Faarwtéin een délice.
gtaddei1 09.06.2015 - 08:17
Et ass interessant weiste daat beschreiwst. Ech hun eischter den Sujet gesinn deen do keng Zäit verstaanen huet an senger Gloriöser an rouescher presenz...
Merci villmols wierklech , et ass flott ewei een aus egenen fotoen och aaner Saachen dran sin dei een mool iwersäit
pixelman 09.06.2015 - 08:59
super, lo hust op Art Limited font !!
gtaddei1 10.06.2015 - 18:40
Jo ... merci ... Op Artlimited gin d'Fotoen meschtens wannse hai gudd unkommen ... oder emgedreint ...
icylady 09.06.2015 - 09:39
nach ni dovun héieren, mee mir gefällt sougudd d'Architektur wéi d'Stëmmung déi's de do festgehaal hues, immens gudd smile
gtaddei1 10.06.2015 - 18:40
Dach ... et get eng Plage donidden dei Spiaggia dei Trabocchi héscht
Zora 09.06.2015 - 09:52
wonnerbar!!! en yin an yang Bild!
gtaddei1 10.06.2015 - 18:39
Ying an Yang... villeicht
marker 09.06.2015 - 10:14
Ech kann dem Jaycee nëmmen zoustëmmen. Exzellent presentéiert, an d'Luucht ass herrlech.
gtaddei1 10.06.2015 - 18:39
Do ass d'Luucht emmer flott um dei Zäit ... an de Filter hellt do vill parasitenluucht eraus an leisst nemmen dei Reel Orange an Blo
Esteban 09.06.2015 - 11:54
Excellent dei doten Gennaro
Vignette passt och
gtaddei1 10.06.2015 - 18:38
Merci villmols ...
bensphotography 09.06.2015 - 12:45
richteg flott foto Gennaro, gefällt mer ganz gudd smile just d'Vignette ass menger Meenung no bessen ze staark.
gtaddei1 10.06.2015 - 18:38
D'Vignette ensteht duerch kontrasteieren... en effet daat saerkt dann d'Natirlech Vignette vum Filter an en plus woor och e bessi esou ...
Merci villmols...
Jo ... hun probeiert d'Vignette ze reduzeiren mé do verleiert d'Foto un Visiver Dynamik
Abacab 09.06.2015 - 16:05
Di staark Vignette zitt de Bléck op den Trabocco, de Bléck zitt dono awer erëm op di hell Platz vum lenke Fiels..
gtaddei1 10.06.2015 - 18:36
gudd gesin daat vum Fiels.. woor mir net esou opgefall ...
jorsch 09.06.2015 - 21:13
Exzellent!
( No deene ville Kommentarer fält mir näischt Neits an. )
gtaddei1 10.06.2015 - 18:35
Merci villmols..
MsJarryman 10.06.2015 - 21:48
Et ass schons alles gesot. Herrlech ze kucken an nach ëtonguepes bäi geléiert .
gtaddei1 14.06.2015 - 21:17
merci villmols
Nicole 13.06.2015 - 18:40
Trabocco, och nach nie héiere gehat, ganz schéin Stëmmung an dem Bild, flott fier länger ze kucken
gtaddei1 14.06.2015 - 21:17
Mé et sin flott strukturen ... dei gesin ewei monsteren aus awer flott

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 620 Gäscht online