Wollt déi Foto amfong dropsetzen vir Tipper ze kréien wéi ech mat deem Objektiv gutt Resultater kréien an wéi een am beschten scharfstellt, well hei haat ech den kapp bessen verfehlt ! hunn et zënter den mëtten :)
Punktschärfenmiéssung um Kap oder um Kieper vun der Méck.
1/1000s an f/4.5 do häss du kéinten d'Blend méi zou machen, dann kriss du och méi Déiwenschärft. Hänkt awer dovunner of wéi no dass du mat dengem Objektiv um "sujet" bass.
Hei ass mol en link, vielleicht interesséiert dat dech:http://www.dofmaster.com/dofjs.html
Soll ech do mam Autofokus op den Kap/Kierper, an dann den Bildausschnëtt wielen, oder sinn ech dann rëm aus dem Fokus ?
Et brauch een och virun allem Übung vir roueg ze halen oder ?
Gëtt et eng zäit wou sou speziell méi Kleng Déieren raus kommen ?
Den Rechner ass flott vir een Gefill ze kréien !
Villmools Merci !!! )
Bei Makroen schaffen ech nie mat Autofokus, et ass besser d'Schärft op d'Aa anzestellen. Wanns du an den Knéien setz fir d'Foto ze machen dann ass 1/125 nach ok.Kennt drop un ops de rouech Hänn hues
Am beschten Moies wann d'Sonn opgeet oder Owes wann d'Sonn ennergeet, dann ass d'Lucht och net esou hart.