Also Motiv fannen ech flott, Bildopbau ass och schein bedréckend enk, just di Onschärft déi do per Filter dragesat gin ass stéiert mech, éierlech gesot.
Soen der och wisou: Do wou di krass Onschärft ophällt ass et klack baal knackschaarf (gudd ze gesin z.b. un der Heck lénks an un de Blieder vum Bam uewen wou den Iwwergang vun der Onschärft zum Recht vum Bild ass), den Iwwergang ass vill ze plötzlech. Dofier gesait et dann och no Filter aus, an net no natirlecher Onschärft vum Objektiv an daat stéiert mech éierlech gesot. Mee daat ass meng perséinlech Meenung. D'Farwen selwer sin ganz schick, dee Gringstach kënnt gudd an daat desaturéiert brongt ass och net iwwel
Ech denken wanns de d'Onschärft net sou brachial mechs, dann léisst sech do mi en schéint harmonescht Bild eraushuelen.