Extras: eng Halefstonn laang geschweest wéi een Waasserfall - well ech hunn missen wuarden bis main Material net mei ugelaaf war...
Fir anzesetzen: [pg_img=75432]
Kommentar vum Fotograf:
Mol nees enka een Stéck Natur am Macro vun mir - aus dem botaneschen Gaart vun Kopenhagen, den wierklech onpassend Öffnungszaiten huet an dem seng Serren net sou spannend sinn wéi déi vun aneren Stied...
gratuléiren zur Wochefoto,
hat ech nët gewielt, well hei mäi klenge Meckerer:
mech stéiert einfach ënnen dee wäisse Liichtafall, fir mech lenkt en de Bléck op dat Essentiellt vum Bild einfach oof.Et passt fir mech net an d'Bild, an et gesäit aus wéi e Fleck,
mee et gesäit och aus , wéi wann ech do eleng wär mat menger Meenung,
wann ech do lo falsch leien, huelen ech daat och un , wann ech Erklärungen dozou kréien
thanks - senn och iwwerrascht dass et main Grünzeug guff...hat net dermat gerechend, daat steet fest.
d'Foto ass allerdings sou wei ech se geknipst hunn, keen groussen Zauber. Wanns de gudd kuks mierks de dass den "Liichtafall" ganz einfach den Still ass (dei Blieder sinn all dselwecht, du gesais op dem wou den Focus drop lait wei se ausgesinn...) - onscharf an am Bokeh, leet den an dFoto eran. Fällt awer mengermeenung no net sou an dAan...
mmh, nee do gesinn ech kee Still, deen ass wäiss an huet keng Strukturen, an daat stéiert mech, de Focus op de Blieder ass awer gudd,
eng Fro?
Haas Du dat Bild an e Concours gesaat?
da kritt et warscheinlech net déi gudd Punkten, an daat wees Du jo bestëmmt och
huh? waat fireen concours? an wouhier wees du wei do Punkten verginn ginn? (oofgesinn dovun dass mir sou Saachen zimlech egal sinn...)
wat den Still ugeet: daat Blaat waat am Focus lait huet een rouden Still mat heller Uewerfläch, wat kristallkloer genau an der Mett vun der Foto ze gesinn ass - genau den selwechten Still suergt um onscharfen Blaat fir den Bokeh.