Fotograf:
Eropgelueden: 18.10.2012
Gekuckt: 28417
Favoriten:
Kommentarer: 29
Beliichtungszäit: 20/1 sec
Blend: f/2.8
Brennwäit: 24 mm
ISO: 2500
Blëtz: No Flash
Beliichtung: 0 EV
Kommentar vum Fotograf:
Ech hun lo grad dem Johny seng super Foto ( http://photogen.lu/?page=photo&id=67526&pa...) hei gesin an do ass mer agefall dass ech dese Summer op de Malediven di éischte Kéier d'Mëllechstroos gesin hun an mech och prompt ameséiert hun se ze knipsen. Ween de Recht vu menge Fotoen kukkt, wees dass daat do absolut net main Gebitt ass an dofier ass se technesch natirlech och net sou gudd wéi dem Johny seng. Beosonneg d'Perspektiv an den Opbau sin éischter simplistesch. Trotzdem, doënnen huet een esouvill Stären gesin dass ech net widerstoen konnt. Dee klenge Wutz ënnen ass en Boot daat um Mier geschwommen ass an op daat ech manuell probéiert hun scharf ze stellen...riets dovun gesait een de Liichtschain vun enger aanerer Insel. Leider ass op deenen 700Kb déi een dierf hei eroplueden d'Halschent vun der Opléisung an och ganz ganz vill Detailer verschwonnen...mee en ongeféieren Androck mecht se awer. Ajo, verzeiht w.e.g daat besse villt Rauschen...wi gesot, net main Gebitt an d'Astellungen hun ech e bessen gerooden... a bestemmt vill falsch gemach ;) Trotzdem eng vu ménge Lieblingsfotoen vun do.
Onbedingt drop klicken fier vill vill méi Détailer ze gesin ;)
**** Nei Versioun mat manner ISO Rauschen (sou gudd ech et hikritt hun ouni zevill Stären ze 'opferen' ***
|
|