Saugutt Beliichtung! Wéi hues de déi Detailer am Gesiicht nach sou raus kritt? Ech kämpfen ëmmer mat sou däischteren Ecken vir dat se awer nach natierlech ausgesinn.
Merci
hien wuar effektiv relativ daischter am Gesiischt gerooden mee am RAW waren aawer nach e puer Infos an dei hun ech mam Silver Efex Pro2 U Point tool erausgekedelt... fannen dei software relativ gudd fir schwarz waiss fotoen ze bearbeschten an hun lo mol trial versioun eroofgelueden dei mech nawell bessi iwwerzeegt
Wonnerschéin spako, et war och mäi choix, och wann ech virdru kee Kommentar gemacht hun.
D'Bild liewt durech d'Authentizitéit vum Haaptprotagonist an vun däerer Wahnsinnsstëmmung (a Kontraster); ofgesin dovunner ass et ëmmer erëm immens esou Top-Biller aus ganz anere Kulturen hei bei eis ze gesin.
Villmools Merci Ech fannen et och emmer rem immens schein an aaner Kulturen anzetauchen a vun do Biller matheemzebrengen.. schued dat een net mei oft d'Geleenheet huet fir sou wait fort ze goen