wor nach nie do
Muss een do bescheet soen wann een Fotoen mecht, kanns de den Stativ mathuelen oder wei geht daat ? Soss dierfs de a kengem Musée Fotoen machen ... am MHVL do kriss de schon de Gardien op de Pelz wanns de den iPhone aus der Täsch hells
Hui - den Musée as alleng schon weinst der Architektur een Besuch wärt...
Stativ dierfs de net, mam decken Rucksaak ronderemrennen och net, mee Fotoen maachen as keen Problem, WW drop an lass! (kanns der jo nach een zweet Objektiv an dTäsch stiechen...)
dSecurity as duerch wierklech frendlech STUDENTEN ersaat ginn, dei recklen der net sou op den Pelz, alles tiptop!
Et as effektiv den Fotofrendlechsten Musée den mer hun...
Gefält mer! Ech hätt mech warscheinlech nach ameséiert an d'Bild am Photoshop 100% symmetresch gemaach mat der Ausnahm vum "Dësch" selwer. D'Mauer vu lénks och riets iwwerholl, d'Luuchten uewe fort.
hm joh stemmt, dei kiint een mat puer Klicks einfach an wierkungsvoll "synthetiséiren" - kuken mer daat enka un!
mir huet hai awer grad dei liicht onsymethrie gefall, ech wollt se einfach mee net hermetesch....vlait sou eppes derzwescht....
Ech géif kee Millimeter
un där do Foto änneren, Oli:
di Nët-Symétrie ass de Glanz,
a si ass kompenséiert
duerch den hellen 3-Eck
iwert dem viichte "Panneau".
An d'Luuchten um Plafong
liichten aanischt.