Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

De Selweschten Site

 
De Selweschten Site
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.02.2012
  • Gekuckt:
    16099
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    30
  • Beliichtungszäit:
    L.E.
  • Blend:
    f 13
  • Brennwäit:
    16 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
    Long Pose
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    424 KB
  • Originaldatum:
    2012 -02
  • Fotoapparat:
    Canon 1D MK4
  • Programm:
    M
  • Objektiv:
    16-35 Canon
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=62281]
Kommentar vum Fotograf:
Einfach esou , daat waat eriweresch bleiwt...

Enges Daages geet mein klengen an d'Banken op der Cloche d'Or Urbexen...

http://www.youtube.com/watch?v=FzrBurlJUNk
http://bazonline.ch/ausland/europa/Der-ZwangsSchuldenschnitt-kann-kommen/story/28178017
http://greece.greekreporter.com/2012/02/25/germanys-friedrich-urges-greek-exit-from-euro/
Zora 26.02.2012 - 18:07
Jo gell, mat mengem zesummen, et stierwt awer nie aus, vläit urbexen dann zeguer eis Häiser, well dei sin jo dann aal!
Maimonides 26.02.2012 - 21:08
Le futur
comme mémoire privée, Zora,
très égoïste, et planifiée
risque d'oublier l'actuel.
Hic Rhodus,
hic salta.

closed_eye
Zora 26.02.2012 - 21:30
Ma nööö Maimonides, ech spennen just rem, mein Bouf get Professorbigsmile closed_eye
Maimonides 26.02.2012 - 21:41
Muss Eppes
wierklech al sinn
fir gë-urbext ze ginn !

Mäin Dackel
gëtt Goldfësch.

smile
gtaddei1 26.02.2012 - 21:54
Mé d'Banken gin et zënnter den 80 er Joeren
Dei sinn am GAngen dlokaliseiert ze ginn vun China, Qatar , Schweiz asw op Letzebuerg... Mé enges Daages kraaacht et...

Ewei mat allem!

An dann gin mir villeicht nés Mënschen an aisem Land.

Op elo En Dackel Goldfësch gin kënn ass jo haut alles drann... Plastesch Chirurgie mecht Wonneren...


D'Zukunft beaflosst den Präsenz... smile
Dofir vergiessen mir net den Pr¨senz , dén gesinn mir emmer méi ... et ass la mémoire collective dei net mei do ass... La crise de la culture


Hun ech eppes net verstaanen?
Maimonides 27.02.2012 - 19:50
Dat mam Dackel war just eng Äntwert op dem Zora säint méiglecht Erwächen: "Ma nööö Maimonides, ech spennen just rem, mein Bouf get Professor".
closed_eye
Du hues näischt net verstan, Gennaro.

Zora 26.02.2012 - 22:03
Eigentlech kann een alles urbexen, en gedackelten Goldfesch bestemmt ochsmile
gtaddei1 26.02.2012 - 22:06
Do sinn ech iwerzécht ... smile
E gedackelten Goldfësch gefällt mir als Ausdrock
En Hybrid... Quadruped mat Itteschem Produkt gemescht ... Eng keier schwemmten an eng aaner keier léften ... ewei d'Menschen ... en alternativen Terme fir ais Race.. smile
Zora 26.02.2012 - 22:12
Den Roboter als Mensch ass net mei weit, vläit schwätzt de grad mat engemclosed_eye
Maimonides 27.02.2012 - 19:57
Urbex, Zora, gefält mir.
Urbex huet awer och Tendenz Nostalgie ze presentéieren, an dann froen ech mech op een dat Aktuellt net och kéint spannend weisen.
Urbex bleiwt néideg, fir mech emol.
Zora 27.02.2012 - 20:32
Ech hun Phila geurbext, mengen mei Aktuell geet netbigsmile
Maimonides 27.02.2012 - 20:44
http://www.youtube.com/watch?v=TS3GPAcvql8&feature=related
gi87 26.02.2012 - 20:46
Ganz flott Farwen an eng flott Perspektive ass hei gewielt gin !
gtaddei1 26.02.2012 - 21:49
Merci ... et war virun esou eppes selbstverstaendlech

Merci villmols
galileo 26.02.2012 - 20:55
D'Laangzäitbeliichtung passt hei iergendwéi gudd bei de Cadrage...flott !

(Mech stéieren just déi 3 Lucchtepotoën rechts - awer just bëssen).
gtaddei1 26.02.2012 - 21:48
Dei sinn op dei aaner Säit gedreint ... dofir fällt ier Luucht net mei op daat Gebai ... dofir hun ech et do stoen geloos... haat drunn geduercht smile
Keup 26.02.2012 - 21:51
Ganz staark déi dooten.
gtaddei1 26.02.2012 - 21:55
Merci villmols.
Sin frou dass sie dir gefaellt ...
Wollt des Foto nach emmer maachen

Jeanny 27.02.2012 - 06:26
ech hoffe net, eng staark Foto, wonnerbar verschafft
gtaddei1 27.02.2012 - 19:44
Oh que si!
mischii 27.02.2012 - 12:26
hei ass jo scho villes geschriwwe gin
Du brengs déi Atmosphär gudd zum Ausdrock
gtaddei1 27.02.2012 - 19:44
Haat richtesch Looscht dei Foto ze maachen virundéms se do daat neit Spidol fleicht bauen
mischii 27.02.2012 - 22:18
nuje, en neit Spidol wär awer och keen Onsënn, besser an der Natur, wéi mat grousse Buildingen rondëm, dat wierkt wéi e Placebo, an déi wierken jo relativ gudd
jorsch 27.02.2012 - 14:36
Hei kënnt d'Désolatioun vun enger "Friche industrielle" gutt zum Ausdrock! Gefält mer!
gtaddei1 27.02.2012 - 19:44
Merci villmols
Maimonides 27.02.2012 - 20:04
"Le passé n'est beau qu'en ruines" (Victor Hugo), est-ce vrai?

Deng Foto ass voll vun Hoffnung, Gennaro.

gtaddei1 05.03.2012 - 09:06
Wann sech eppes zersteiert ... muss eppes frech an senger Plaatz kommen... D'Hoffnung ass dass de Süden sein neit Spidol kritt.
Op daat elo wouer ass , selon Hugo, mengen ech jo... car le passé ass de vestige vum dém présent ... an de présent gét emmer nés en ruine,,, stell dir vir dass dén do stoe geif bleiwen... et wier geschwenn keng plaatz méi do
Maimonides 05.03.2012 - 20:20
Et wier nach vill méi schlemm wann "deen do" géif oofgerappt ginn ouni eng Foto vun him ze hunn.

closed_eye
gtaddei1 05.03.2012 - 20:28
Daat ass secher! Dofir fotografeieren mir och... Fir am Presenz d'Vergagenhét festzehaalen... also ... An deser war am Presenz eng Vergangenhét schon dran an elo wou ech d'Foto schon gemét hun ass de Presenz schon lang nés eng aaner Vergangenhét asw... Esou influenceiert d?zukunft de Praesenz ... smile
gemu 29.02.2012 - 06:54
Immens Foto, d'Faarven, den Sujet, de Bildobau d'Verarbechtung, alles passt.Top

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Passerelle

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 627 Gäscht online