Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Twisted

 
Twisted
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.06.2011
  • Gekuckt:
    14372
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    36
  • Beliichtungszäit:
    HDR
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    10mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    nee
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    684x1024
  • Späicherplaz:
    358 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Nikon D200
  • Programm:
    A
  • Objektiv:
    daat war drop
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=56432]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Traap :)
vun den moien wou ech erem spillen war ... mam Zora an Lupardus

wees just net op ech uewen dei bloeelzesch vignette soll eraushuelen oder dran lossen.
drop klicken an et get mei grouss
suraki 12.06.2011 - 17:03
fir mech passt déi Vignette ganz gutt doranner
ZerberuZ 12.06.2011 - 20:35
villmols merci smile
geet mer eigentlech mei em d'faarw vun der vignette.. sin mer do emmer oneenz smile
Lupardus 12.06.2011 - 17:17
Jo fannen och. Hun der jo schon gesoot daat d Perspektiv sauflott ass. D bea as genau richteg top
ZerberuZ 12.06.2011 - 20:35
thx dood smile
Miisamm 12.06.2011 - 17:24
Fannen dei Traap de Glanz! Saugudd verschafft! Teppech op der Traap oder vill Pilz? bigsmile.
ZerberuZ 12.06.2011 - 20:36
thx dood smile
teppech bigsmile an ech lung mam kapp drop an hun mein gesiit als stativ benozt bigsmile
Miisamm 12.06.2011 - 20:37
hmmmmm lecker smile
ZerberuZ 12.06.2011 - 20:40
lol bigsmile
du wees jo sin spezialist fier en riiten bracketing aus der hand ze maachen bigsmile
Richie 12.06.2011 - 17:54
Saucool.
Gutt geschafft Meeschter
ZerberuZ 12.06.2011 - 20:36
villmols merci den haer smile
Nathalie 12.06.2011 - 17:54
Ganz flott dei doten, gefällt mer smile
ZerberuZ 12.06.2011 - 20:37
merci smile freet mech wann se esou gudd gefaellt.
Zora 12.06.2011 - 17:55
Du bass eng richteg S.... an den Perspektiven, mega
ZerberuZ 12.06.2011 - 20:37
nana .. net esou frech tongue
Poly 12.06.2011 - 18:07
spillen smilemat der Kamera mengs de smile
wat Vignette ugeet ech giff se draloossen, wat mech just stéiert ass dat Lach uewen, esou hell ass, giff dat e bëssen ofdonkelen oder méi kleng maachen , ech fannen dat, dat ze vill vum Sujet oflenkt
da spillt nach e bësse weider bigsmile
ZerberuZ 12.06.2011 - 20:38
jo mat kamera spillen bigsmile waat hues du erem geduet ? smile
perseinlech fannen ech dei hell daachluck ganz gudd esou wei se ass smile
jojo muer gin ech weider spillen merci poly bigsmile
Poly 12.06.2011 - 20:42
da pass gutt op deng Spillsaach op bigsmile
ZerberuZ 12.06.2011 - 21:12
natierlech smile
Nagarjuna 12.06.2011 - 20:12
Flott dat do! Trapen ass menges, an dann och nach wann se sou flott fotograféiert sinn. closed_eye
(Ech perséinlech fannen déi bloelzech Vignette net sou gutt... eng normal Vignette schon, awer net blo)
ZerberuZ 12.06.2011 - 20:39
Villmols merci smile
mengen mier haaten schon puer mool dei diskusioun mat den faarwen an den vigneteierten ecker smile
Traapen an still sin faszineierend bigsmile
du hues dei jo hoffentlech net och schon esou oder iwerhaapt fotografeiert.. net dass ech erem plagiat fiergeheit kreien bigsmile
Nagarjuna 12.06.2011 - 23:35
Ech kucken dat direkt mol no... Awer wann et sou wier dann hätt sech mäin Affekot schon bei mir gemellt. bigsmile bigsmile bigsmile Ech hunn d'Iwwersiicht iwwert déi ganz Trapen verluer. An bei déi nei Fotoen kennt keng Geschicht méi dobäi stoen. Mir haten vun gëschter op haut eng Party zu 10 Leit iergendwou an engem Bësch an der Belge. Dat Kraaftwierk wat ech hat fotograféieren hun ass schon zënter 6 Méint zougänglech, awer ech kann just mol eng Foto hei op PG weisen ouni mir Feinden ze maachen well déi Leit PG net kennen. Méi Fotoen doriwwer bréngen ech an 2 Joer.... Iergendwéi ass et traureg dass et souwäit misst kommen. Awer ënner Kollegen, europawäit, sinn mir eis doriwwer eenz.
ZerberuZ 12.06.2011 - 23:41
LOL exklusiviteit get et nach ganz selten doranner bigsmile
naja hoffen mol du wars net do wou ech muer hingin well dofunner hun ech nach keng biller gesin bigsmile ... waat net heescht dass de net schon do wars bigsmile
Nagarjuna 12.06.2011 - 23:53
Wann net... dann hal et einfach fir dech... Sou laang bleift déi Platz och sou flott wéi se muer ass, wanns du dohin kenns... closed_eye Ech froen dech sécher net wou et ass well et mir duer geet deng Fotoen vun do ze gesinn... Dat ass méi schéin wéi dohin ze lafen fir dat selwecht ze maachen...
ZerberuZ 13.06.2011 - 15:20
closed_eye
suraki 12.06.2011 - 20:38
d'Faarf passt ganz gutt .
ZerberuZ 12.06.2011 - 20:41
denken ech mer och iergentwei ..smile
wollt just en puer meenungen dozou anhuelen
merci suraki
DeviantMotiv 12.06.2011 - 22:36
Schein deng Traap smile just uewen haet ech se méi hell gelooss...weinst der Daachluck...mée mengen daat as adg...wees de waat ech mengen? bigsmile
ZerberuZ 13.06.2011 - 15:19
emm .... nee wees net esou richteg waats de mengs bigsmile
DeviantMotiv 13.06.2011 - 15:31
As net schlemm.
ZerberuZ 13.06.2011 - 16:44
ahbon
DeviantMotiv 13.06.2011 - 23:22
Ech hun deng blo vignette domat gemengt, mée mengen wann ech der daat lo misst schreiwen wei ech daat mengen do hun ech net genuch plaatz hei bigsmile...fir mech ze erklären...
ZerberuZ 13.06.2011 - 23:31
dann so mer et eben dei naechsten keier bigsmile
Scorpius 14.06.2011 - 09:34
Flott gin, ech haat mer se demols vun uewen firgehol closed_eye
!Dës Foto ass net méi am System!
ZerberuZ 14.06.2011 - 10:47
merci smile
haat se och en puer mool aus verschidenen wenkelen vun uewen geknipst, mais vun uewen huet se mer net wierklech gefall.
blende11 04.10.2011 - 20:04
Ganz gutt......ciao
ZerberuZ 05.10.2011 - 18:54
merci Remo smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 417 Gäscht online